De Ferrari-Pilot Carlos Sainz muss wéinst enger Blinddarmentzündung operéiert ginn a verpasst de Rescht vum Formel-1-Weekend a Saudiarabien.

Wéi d'Scuderia e Freideg matgedeelt huet, gëtt de Sainz, dee leschte Weekend nach um Podium stoung, vum 18 Joer ale Britt Oliver Bearman ersat. Hie wäert e Freideg schonn am 3. Fräien Training am Ferrari sëtzen an e Samschdeg da säi Grand-Prix-Debut feieren.

De Bearman, Champion vun der ADAC Formel 4 am Joer 2021, ass zanter 2022 Member vun der Nowuessakademie vu Ferrari. D'lescht Joer hat hie säin Debut an der Formel 2 ginn an hat als Rookie direkt véier Coursse gewonnen.

De Sainz hat de Mediendag e Mëttwoch verpasst, war dunn awer am 1. an 2. Fräien Training gestart. A war op déi 7. Plaz gefuer.