Max Verstappen kroopt sech d'Pole zu Suzuka

© AFP
Hannert dem Weltmeeschter geet vun der zweeter Plaz de Lando Norris e Sonndeg an d'Course. Den Oscar Piastri gouf den Drëtten.
E Samschdeg de Moie Lëtzebuerger Zäit stoung fir d'Piloten de Qualifying fir de Grousse Präis vu Japan um Programm.
6 vun deene leschte 7 Course goufen zu Suzuka vun der Pole aus gewonnen. Ëmsou méi glécklech wäert de Max Verstappen sinn, deen e Sonndeg vun der 1. Plaz aus an d'Course wäert goen. McLaren muss sech deemno dem Weltmeeschter geschloe ginn, béid McLaren-Pilote Norris a Piastri klasséiere sech op d'Plazen 2 an 3.
De Charles Leclerc fiert e Sonndeg vun der 4. Plaz fort, viru béid Mercedes-Piloten George Russell an dem Andrea Antonelli. De Lewis Hamilton fiert just vun der 8. Plaz fort, nach hannert dem Isack Dadjar op Racing Bulls.
De Japaner Yuki Tsunoda huet bei sengem Heem-GP a gläichzäitegem Debut fir Red Bull entäuscht a klasséiert sech hannert dem Liam Lawson just op der 15. Plaz.
Am Q1 ass den Oscar Piastri déi schnellste Ronn gefuer. Knapp net an de Q2 gepackt hunn et déi béid Sauber-Piloten Nico Hülkenberg a Gabriel Bortoleto sou wéi den Esteban Ocon op Haas, den Alpine-Pilot Jack Doohan an de Lance Stroll op Aston Martin.
De Q2 huet tëschenzäitlech missen ënnerbrach ginn, dat well d'Wiss duerch d'Fonke vun den Autoe liicht d'Feier gefaangen huet. Dëser Deeg a Japan um Ciruit zu Suzuka a grousse Problem, well de Buedem immens dreschen ass. Gewonnen huet den Q2 de Lando Norris. Net an de Q3 gepackt hunn et de Pierre Gasly (Alpine), Carlos Sainz (Williams) Fernando Alonso op Aston Martin, Liam Lawson op Racing Bull an de Yuki Tsunoda op Red Bull.
Domat klasséiert sech de Liam Lawson no senger Degradéierung zu Racing Bulls virum Yuki Tsunoda, dee jo fir den Australier de Cockpit am Red Bull krut huet.
Am Q3 war kee Kraut gewuess géint den Max Verstappen. Den Hollänner huet a senger leschter Ronn de Lando Norris vun der 1. Plaz verdéngt a geet domat e Sonnden als Favorit an d'Course. Den Oscar Piastri klasséiert sech op déi drëtte Plaz, virum Charles Leclerc a béide Mercedes-Pilote Russell an Antonelli. De Lewis Hamilton op Ferrari huet enttäuscht, de Britt fiert just vun der 8. Plaz fort.
De Grousse Präis vu Japan gëtt e Sonndeg de Moien um 7 Auer eiser Zäit gestart. Op RTL ZWEE an um RTL Play kënnt Dir vu 6.30 Auer u live mat dobäi sinn.