An de fréie Moiesstonnen e Samschdeg hunn d'Piloten d'Qualifikatioun vum Grousse Präis vun Australien an Ugrëff geholl.

Ouni de Logan Sargeant, dee säi Chassis u säin Teamkolleeg Alex Albon huet missten ofginn, nodeem dësen am éischte fräien Training säi Gefier wittert d'Mauer gesteiert hat, goung et an de Q1. Hei goufen de Zhou (Sauber) mat der luester Zäit, Ricciardo (RB), Gasly (Alpine) an Hülkenberg (Haas) eliminéiert.

Eng kleng Iwwerraschung gouf et dann am Q2, well den Hamilton op sengem Mercedes just op déi 11. Plaz koum an esou et net an déi lescht Qualifikatiounsronn gepackt huet. Nach eliminéiert goufen den Albon (Williams), de Bottas (Sauber), de Magnussen (Haas) an den Ocon (Alpine).

Esou ass et fir déi lescht 10 Piloten an de Q3 gaangen. D'Fro, déi sech vill Leit gestallt hunn, wäert de Verstappen nees vun der Pole starten oder wäert et ee Ferrari, déi bis ewell déi séiersten Zäiten an der Qualifikatioun haten, sech op d'Toppplaz placéieren?

Et soll dann den Hollänner sinn, deen déi séiersten Zäit gefuer ass. Mat 1:15.915 huet de Verstappen esouguer en neie Streckerekord opgestallt. Fir den Hollänner am Déngscht vu Red Bull ass et déi 35. Pole a senger Formel-1-Carriär. Dohannert kënnt de Sainz (Ferrari), de Perez (Red Bull), den Norris (McLaren), de Leclerc (Ferrari), de Piastri (McLaren), de Russell (Mercedes), den Tsunoda (RB), de Stroll (Aston Martin) an den Alonso (Aston Martin).

Nom Qualifying krut awer de Sergio Perez eng Strof a gouf vun der drëtter op déi sechste Plaz zeréckgesat. Hien hat en anere Pilot, deen op senger séierer Ronn war, behënnert.