Beim Grousse Präis vun Australien ass et déi éischte Kéier dës Saison, datt en anere Pilot wéi de Max Verstappen ganz uewen um Podium steet.

Nodeem den aktuelle Weltmeeschter Max Verstappen am Qualifying sech nees d'Pole séchere konnt, hu sech vill Fans gefrot, ob den Hollänner dann och dëst Course nees sollt dominéieren. Ma schonn no 3 Ronne konnt de Sainz de Verstappen iwwerhuelen a sech op déi éischte Plaz an der Course setzen. Eng Ronn méi spéit huet een dann och gesinn, wisou datt dem Spuenier esou einfach gefall ass: De Verstappen hat Problemer mat de Bremsen, déi esouguer Feier gefaangen hunn. Den Hollänner huet säi Red Bull nach an d'Box krut, konnt awer net méi weiderfueren.

No 17 Ronne war et dunn eriwwer fir den Hamilton, dee säi Rennauto och huet missten ofstellen no engem Problem mam Motor. Kuerz drop konnt de Leclerc de Piastri iwwerhuelen, esou datt béid Ferrarien un der Spëtzt an déi zwee McLaren hannert hinne waren.

Esou sollt et och laang bleiwen, mat emol dem engen oder anere Wiessel wéinst engem Boxestopp. Gekämpft gouf méi hannert de véier Topplazéierungen, haaptsächlech ëm d'Plazen 9 an 10, also déi zwou Lescht, fir déi ee Punkte kritt, hate sech fënnef Pilote fonnt, déi sech dës séchere wollten.

De Sainz ka sech also déi maximal Punkten sécheren, dat viru sengem Teamkolleeg Leclerc an de McLaren Piloten Norris a Piastri. Déi lescht Punkte kruten de Stroll op der siwenter, den Tsunoda op der aachter, den Hülkenberg op der néngter an de Magnussen op der zéngter Plaz.

E bëssen Enttäuschend war wuel fir hir Ekippen d'Performance vun den zwee Teamkolleege vum Verstappen an Hamilton, déi jo béid net ukoumen. Den Perez um zweete Red Bull huet et just op Plaz 5 gepackt a koum de Ferrarien an den McLaren net no. An de Russell huet an der zweetleschter Ronn säi Mercedes an d'Mauer gedréint, well hien am Duell mam Alonso ëm d'Plaz 6 ze vill riskéiert huet. Duerch dësen Accident sinn déi leschte Meter vun der leschter Ronn hannert dem Safety Car gefuer ginn.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 ROLEX AUSTRALIAN GRAND PRIX 2024

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2024

RTL