Max Verstappen op der Pole virum Sergio Perez

© AFP
Déi drëtte Plaz ass fir de Lando Norris op McLaren. Ferrari huet iwwerdeems enttäuscht. De Lokalmatador Yuki Tsunoda op Racing Bulls fiert op d'Plaz 10.
De Japan-GP gëtt fir eng éischte Kéier am Fréijoer gefuer, an net wéi soss am Hierscht. Mee och d'Joreszäit sollt näischt un der Dominanz vu Red Bull änneren. De Weltmeeschter Max Verstappen huet och a Japan senger Konkurrenz am Qualifying keng Chance gelooss a start e Sonndeg de Moie vun der 1. Plaz an d'Course. De Charles Leclerc op Ferrari huet iwwerdeems enttäuscht a fiert just op d'Plaz 8.
Kuckt Iech de komplette Qualifying nach eng Kéier am Replay op RTL PLAY un.
Op der leschter Plaz um Circuit zu Suzuka e Sonndeg fiert de Guanyu Zhou op Sauber fort. Och de Logan Sargeant (Williams), Kevin Magnussen (Haas), Pierre Gasly (Alpine) an de Lance Stroll op Aston Martin goufen am Q1 eliminéiert. Virun allem fir de Lance Stroll ass den Out am Q1 eng deck Enttäuschung, ass säin Teamkolleeg Fernando Alonso dach hannert dem Max Verstappen op déi 2. Plaz am Q1 gefuer.
De Carlos Sainz op Ferrari krut wärend dem Q2 Problemer mat senger Gaspedall, huet de awer an de Q3 gepackt. Iwwerdeems hu follgend Fuerer et net an de Q3 gepackt: Esteban Ocon (Alpine), Alexander Albon (Williams), Valtteri Bottas (Sauber), de Nico Hülkenberg op Haas an den Daniel Ricciardo op Racing Bulls. Den Australier ass bis ewell an all Qualifying an dëser nach jonker Saison hannert sengem Teamkomerod Yuki Tsunoda gelant.
Am Q3 huet de Max Verstappen senger Konkurrenz keng Chance gelooss a start e Sonndeg vun der Pole. Den zweete Red Bull Sergio Perez ass op der 2. Plaz, virum Lando Norris op McLaren. Op der 4. Plaz hu mir mam Carlos Sainz den 1. Ferrari-Pilot. De Fernando Alonso ass 5. ginn, virum Lewis Hamilton. De Charles Leclerc kennt just op déi 8. Plaz. Do hannendrun de George Russel virum Japaner Yuki Tsunoda.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.
FORMULA 1 MSC CRUISES JAPANESE GRAND PRIX 2024
D'WM-Wäertung
De Kalenner vun der Saison 2024
