Iwwerleeë Victoire fir de Max Verstappen
Mam Hollänner um Podium steet den zweete Red Bull vum Sergio Perez an de Ferrari-Pilot Carlos Sainz.
Spannend an interessant ass et jeeweils ronderëm d'Stopps ginn. Hei huet d'Taktik vun den Teams eng elementar Roll gespillt. Wat d'Course méi laang gedauert huet, wat virun allem och Ferrari méi staark ginn ass. Um Enn geet no 53 Ronnen eng strategesch Course mat enger Victoire vum Max Verstappen op en Enn. Nieft dem Weltmeeschter steet um Podium de Mexikaner Sergio Perez an de Spuenier Carlos Sainz. Hannendru kommen de Charles Leclerc, de Lando Norris an de Fernando Alonso.
D'Mercedes-Piloten George Russell a Lewis Hamilton waren op der falscher Strategie, sou dass si mam Ausgang vum Podium guer näischt ze dinn haten. Um Enn klasséiere si sech op de Plaze 7 a 9. De leschte Punkt geet un de Lokalmatador Yuki Tsunoda.
Resumé vun der Course
Bei deene 6 éischte Pilote gouf et um Start keng Verännerung. Hannendrun gouf et awer eng méi hefteg Kollisioun tëscht dem Daniel Ricciardo (Racing Bulls) an dem Alex Albon (Williams). Doropshi gouf de Roude Fändel gewisen, d'Course gouf ënnerbrach.
No gutt 30 Minutte koum et zum Restart. Dës Kéier sinn d'Pilote gutt duerch d'Kéieren derduerch komm. Un der Spëtzt gouf et keng Verännerung. Am Mëttelfeld konnt sech de Pierre Gasly vun 13 op 10 no vir schaffen, iwwerdeems den Nico Hülkenberg op Haas vun 10 op 17 zeréck gefall ass.
All ze vill ass an der Suite net passéiert. Un der Spëtzt huet de Max Verstappen d'Course kontrolléiert. Interessant ass et du bei deenen 1. Stopps ginn. De Lando Norris konnt mat sengem freie Stopp de Sergio Perez per Undercut iwwerhuelen an huet sech no 17 Ronnen op déi 2. Plaz no vir geschafft. De McLaren-Pilot war du dësem Moment de séierste Fuerer am Feld. Alt ze laang sollt dem Britt seng Freed awer net unhalen, 6 Ronne méi spéit konnt de Sergio Perez sech seng 2. Plaz nees zeréck erkämpfen.
Ferrari ass ëmmer méi staark ginn an huet sech mat béide Pilote Plaz fir Plaz no vir geschafft. Nodeems de Carlos Sainz de Lando Norris iwwerholl huet, ass et fir de Spuenier drëms gaangen, seng drëtte Plaz ze verdeedegen. Un der Spëtzt gouf et keng Changementer. De Max Verstappen gewënnt deemno no 2022 an 2023 déi drëtte Kéier noeneen zu Suzuka, dat virum Sergio Perez an dem Carlos Sainz. De Charles Leclerc war iwwerdeems op enger 1-Stopp-Strategie, déi dem Fransous um Enn eng 4. Plaz sollt bréngen.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.
FORMULA 1 MSC CRUISES JAPANESE GRAND PRIX 2024
D'WM-Wäertung
De Kalenner vun der Saison 2024
