Krack an Alonso reagéieren op Verlängerung vum Spuenier bei Aston Martin

De Fernando Alonso wäert och an Zukunft mam Lëtzebuerger Teamchef Mike Krack zesummeschaffen
An der F1 ass eng wichteg Décisioun am Pilotekarussel gefall: de Fernando Alonso bleift bis 2026 bei Aston Martin.
Aston Martin huet um Donneschdegowend e Communiqué erausgeschéckt, an deem nëmmen ee kuerzt Zitat vun hirem Pilot Fernando Alonso dra steet: "Ech sinn hei fir ze bleiwen." Et konnt een also dovunner ausgoen, dass de Spuenier säi Kontrakt mat Aston Martin verlängert huet.
An effektiv koum kuerz drop eng méi detailléiert Confirmatioun: De Fernando Alonso huet en neie Kontrakt "iwwer e puer Joer" ënnerschriwwen. Dat heescht, dass hien op d’mannst bis 2026 Aston-Martin-Pilot bleift. De Spuenier erkläert, hie géif sech bei sengem Team ganz wuel fillen: "Ech hunn um Ufank vum Joer gesot, ech géif fir d’éischt fir mech decidéieren, ob ech iwwerhaapt nach Coursse fuere wëll, a mech duerno mam Team zesummesetzen. Zënter ech 2023 bei Aston Martin gewiesselt sinn, fillen ech mech hei wéi doheem. An deene 15 Méint hu mir schonn esouvill zesummen erreecht, mat e puer bemierkenswäerte Podiumen an Zweekämpf. (…) Dat ass nëmmen den Ufank vun dësem Projet an ech sinn houfereg, Deel dovunner ze sinn. Ech si kierperlech op mengem Héichpunkt an nach hongreg, fir alles ze ginn, fir dass aus dësem Team e Weltmeeschter-Team gëtt."
Och de Mike Krack ass zefridden, dass hien och weiderhi mat sengem Starpilot Alonso zesummeschaffe kann. "Et si fantastesch News. Mir hunn déi lescht 18 Méint eng enk Relatioun opgebaut a mir deelen déi selwecht Determinatioun, fir dass dëse Projet en Erfolleg gëtt. Mir hunn déi lescht Méint vill matenee geschwat, an de Fernando huet säi Wuert gehalen: hien huet fir d’Éischt mat eis iwwert seng Zukunft geschwat. Hie gleeft un eis a mir gleewen un hien."