Zu Shanghai a China steet den éischte Sprint-Weekend an der aktueller Formel-1-Saison um Programm.

Bei schwierege Wiederkonditiounen huet de Lando Norris am Sprint Qualifying déi bescht Leeschtung gewisen a sech d'Pole fir de Sprint geséchert. De McLaren-Pilot war am Reen a bei schmierege Konditiounen op der Streck 1,2 Sekonne méi séier wéi de Lewis Hamilton op Mercedes. Op d'Plazen dräi a véier sinn de Fernando Alonso op Aston Martin an de Weltmeeschter an aktuelle WM-Leader Max Verstappen op Red Bull gefuer.

De Sprint gëtt e Samschdeg de Moien um 5 Auer Lëtzebuerger Zäit gefuer. Op RTL kënnt Dir live mat dobäi sinn.

Am Q1 sinn déi zwee Alpine-Pilote Pierre Gasly an Esteban Ocon eliminéiert ginn. Donieft war Schluss fir déi zwee Williams-Piloten Alexander Albon an Logan Sargeant wéi och fir den RB-Pilot Yuki Tsunoda.

Am Q2 war Feierowend fir den George Russell (Mercedes), de Kevin Magbussen (Haas), den Nico Hülkenberg (Haas), den Daniel Ricciardo (RB) an de Lance Stroll (Aston Martin).

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 LENOVO CHINESE GRAND PRIX 2024


D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2024

RTL