De Red-Bull-Pilot huet sech domadder de Maximum vun aacht Punkte geséchert. D'Plazen 2 an 3 ware fir de Lewis Hamilton an de Sergio Perez.

De Formel-1-Weltmeeschter Max Verstappen huet den éischte Sprint vun der Saison gewonnen. An der 9. vun den 19 Ronnen hat sech de Red-Bull-Pilot un d'Spëtzt vum Feld gesat a war dunn enger souveräner Victoire entgéint gefuer. Fir de Verstappen war et déi 8. Victoire an enger Sprint-Course an déi éischt a China.

Op d'Plazen 2 an 3 sinn de Lewis Hamilton op Mercedes an de Sergio Perez um zweete Red Bull gefuer.

De Replay vum Sprint fannt Dir um RTL Play.

De Lewis Hamilton hat de beschte Start erwëscht. De Mercedes-Pilot konnt laanscht de Mann op der 1 Lando Norris fueren a sech un d'Spëtzt setzen. Den Norris ass an der zweeter Kéier vun der Streck ofkomm a bis op déi 7. Plaz zeréckgefall. Doduerch sinn dann och de Fernando Alonso an de Max Verstappen op d'Plazen 2 an 3 no vir komm.

Den Hamilton konnt sech un der Spëtzt eng kleng Avance erausfueren. An der 7. vun de 19 Ronne konnt de Verstappen dunn den Alonso passéieren a vun do un huet den Hollänner Meter ëm Meter op den Hamilton opgeholl, ier en an der 9 Ronn scho laanscht de Britt gezunn ass.

De Formel-1-Weltmeeschter huet sech direkt eleng un d'Spëtzt gesat a seng Konkurrenten distanzéiert. Fir den Hamilton ass de Bléck séier no hanne gaangen, fir den Alonso a Schach ze halen, wat him och gelongen ass.

An der 16. Ronn huet de Sainz ugesat, fir den Alonso ze iwwerhuelen. Béid Piloten hu sech e flotten Duell geliwwert, ma et koum zu enger Beréierung. De Sergio Perez huet dat genotzt a sech op déi 3. Plaz gesat. Batter fir den Alonso, hien huet sech duerch d'Beréierung ee Platten agefaangen an huet missen opginn.

Um Enn huet sech de Verstappen virum Hamilton an dem Perez behaapt. Op d'Plaze 4 a 5 sinn déi zwee Ferrari-Pilote Charles Leclerc a Carlos Sainz gefuer. Och si hu sech wärend dem Sprint e Pneu-u-Pneu-Duell geliwwert a sech näischt geschenkt.

Laang Paus gëtt et fir d'F1-Piloten net. Um 9 Auer Lëtzebuerger Zäit si Verstappen a Co nees an der Qualifikatioun gefuerdert. Hei gëtt dann de Polesetter fir de Grousse Präis vu China gesicht. De Qualifying kënnt Dir live op RTL kucken.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 LENOVO CHINESE GRAND PRIX 2024


D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2024

RTL