Formel 1
Nico Hülkenberg fiert d'nächst Saison fir Team Sauber

© YUICHI YAMAZAKI AFP
De Formel 1 Pilot verlängert säi Kontrakt, deen um Enn vun der Saison bei der amerikanescher Ecurie Haas ausleeft, deemno net.
Sauber huet de Wiessel vum 36 Joer alen Däitsche bei d'Schwäizer Ecurie fir d'nächst Joer scho confirméiert. An zwee Joer gëtt jo dann am Prinzip aus Sauber – d'Ecurie Audi.
Den Hülkenberg stoung bei 208 Grand Prixen bis elo nach ni um Podium. Seng beschte Resultater waren 3 mol eng 4. Plaz. De fréiere Gewënner vun de 24 Stonnen vun Le Mans ass elo seng zweet Saison bei Haas.
Hien ass zanter 2010 fir Williams, Force India, Sauber, Renault, Racing Point, Aston Martin an Haas gefuer.
Am meeschte gelies