De Weekend heescht et fir d'Formel-1-Pilote "Welcome to Miami!".

Den aktuelle Formel-1-Weltmeeschter Max Verstappen huet sech e Freideg den Owend déi éischt Startplaz fir de Sprint geséchert. De Red-Bull-Pilot huet sech am Sprint-Qualifying virum Charles Leclerc op Ferrari an dem Sergio Perez um zweete Red Bull duerchgesat.

De Verstappen huet sech nom Sprint-Qualifying verwonnert gewisen, datt seng Ronn duergaangen ass, fir op d'Pole ze fueren. Seng Ronn war net perfekt, ma keen anere Pilot konnt et besser maache wéi den Hollänner.

Rendez-vous fir de Sprint ass e Samschdeg um 18 Auer Lëtzebuerger Zäit. Vu 17.45 Auer u kënnt Dir op RTL live mat dobäi sinn.

Am Q1 war et bal zu enger Kollisioun tëscht dem Valtteri Bottas (Sauber) an dem Oscar Piastri komm. De Finn hat de McLaren-Pilot komplett iwwersinn. Hie krut dann och nodréiglech eng Strof fir seng Aktioun. Hie gëtt ëm dräi Plazen no hanne versat a start am Sprint vun der leschter Plaz. Nieft dem Bottas war an der éischter Ronn vum Sprint-Qualifying nach fir de Zhou Guanyu (Sauber), de Logan Sargeant (Williams), den Alexander Albon (Williams) an de Pierre Gasly (Alpine) Feierowend.

Kee gudden Dag war et fir Mercedes. Souwuel den George Russell wéi och de Lewis Hamilton sinn net iwwer de Q2 erauskomm. Donieft konnten och nach den Esteban Ocon (Alpine), de Kevin Magnussen (Haas) an de Yuki Tsunoda (RB) hiren Auto parken.
 
Am Q3 sinn d'Piloten eréischt ganz spéit aus der Box op d'Streck gefuer, sou datt jiddereen nëmmen eng séier Ronn konnt dréinen. An déi huet de Max Verstappen am Beschten erwëscht, sou datt de Weltmeeschter am Sprint vun der Pole start.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 CRYPTO.COM MIAMI GRAND PRIX 2024


D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2024

RTL