D'Dominanz vum Hollänner geet och am Qualifying fir de Grousse Präis vu Miami weider. D'Ferrari klasséiere sech op de Plazen 2 an 3.

De Max Verstappen séchert sech déi sechst Pole Position an dëser Saison, et ass awer déi éischt um Circuit vu Miami. Déi éischt Startrei gëtt vum Charles Leclerc op Ferrari komplettéiert. Den zweete Ferrari Carlos Sainz geet vu Plaz 3 an d'Course, dat virum zweete Red Bull vum Sergio Perez. Domat sinn déi éischt dräi Plazen identesch par rapport zur Qualifikatioun vum Sprint.

An der drëtter Startrei stinn déi zwee McLaren vum Lando Norris an Oscar Piastri. Och d'Plaze 7 an 8 gi vun enger eenzeger Ekipp beluecht, an zwar vun de Mercedes-Piloten George Russell a Lewis Hamilton. Den Nico Hülkenberg, deen eng weider Kéier an de Q3 koum, geet vun der 9. Plaz an d'Course, d'Top10 gëtt vum Yuki Tsunoda komplettéiert.

Fir de Fernando Alonso war et déi éischt Kéier an dëser Saison, dass hien am Q2 ausgescheet ass. A China war hien nach vun der 3. Positioun gestart, zu Miami ass et awer just d'Plaz 15. Et ass déi éischt Kéier an dëser Saison, dass hien dat team-internt Duell géint de Lance Stroll verléiert. De Kanadier start vun der 11. Plaz. Fir Aston Martin ass et déi éischt Kéier zënter Mexiko 2023, dass keen Auto an den drëtten Tour vun der Qualifikatioun koum.

Den Daniel Ricciardo, deen am Sprint nach Véierte gouf, koum net iwwer de Q1 eraus a geet e Sonndeg vun der Startplaz 18 an d'Course.

Suivéiert d'Course e Sonndeg ab 21.15 Auer live op RTL ZWEE, RTL.lu an RTL Play.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 CRYPTO.COM MIAMI GRAND PRIX 2024


D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2024

RTL