Den amtéierende Weltmeeschter gewënnt virum Charles Leclerc an dem Sergio Perez. Den Daniel Ricciardo huet mat der 4. Plaz grouss opgetrompt.

De Max Verstappen kritt op en Neits déi voll Punktzuel fir d'Victoire vum Sprint. Den Hollänner goung vun der Pole Position an d'Course an huet dës Positioun iwwer déi komplett 19 Ronnen net ofginn. De Charles Leclerc an de Sergio Perez sinn op de Positiounen iwwer de wäisse Stréck gefuer, déi si an der Qualifikatioun erausgefuer waren. De Sergio Perez hat sech awer kuerzzäiteg mam Daniel Ricciardo ëm déi drëtt Plaz gestridden, well den Australier war beim Depart laanscht de Mexikaner gezunn. No e puer Ronne konnt sech de Red-Bull-Pilot seng Positioun awer zeréckerueweren.

De Carlos Sainz am zweete Ferrari gouf Fënneften, well hien trotz haardem Kampf net laanscht de Ricciardo am Racing Bull koum. Den Oscar Piastri krut dräi Punkten, wat déi eenzeg Punkte fir McLaren waren, well de Lando Norris war no enger Touchette an der éischter Kéier schonn aus der Course. Den Nico Hülkenberg an de Lewis Hamilton* hu ech déi lescht Punkte vum Sprint gekroopt.

Esou just keng Punkte gouf et fir de Yuki Tsunoda an de Pierre Gasly. Den zweete Mercedes-Pilot George Russell war vu Plaz 11 an d'Course gaangen, ass awer net an d'Punkte gefuer. De Russell gouf um Enn 14. Keng gutt Course war et och fir de Fernando Alonso, deen Zweetleschte gouf.

* De Lewis Hamilton krut nodréiglech eng 20-Sekonne-Strof an ass domat aus de Punkte gefall. De Yuki Tsunoda ass doduerch op déi 8. Plaz gerutscht a krut nach ee Punkt.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 CRYPTO.COM MIAMI GRAND PRIX 2024


D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2024

RTL