De Britt op McLaren huet vun enger Safety-Car-Phas konnte profitéieren a konnt sech no 57 Ronne virum Max Verstappen an dem Charles Leclerc duerchsetzen.

Iwwerraschend konnt sech de Lando Norris d'Victoire zu Miami sécheren. Et ass dem Britt seng 1. Victoire a senger Karriär, dat a senger 110. Course. Et ass zudeem déi 1. McLaren-Victoire zënter 3 Joer.

De McLaren-Pilot huet vun enger Safety-Car-Phas an der 30. Ronn profitéiert an huet an der Suite vun der Course seng 1. Plaz souverän verdeedegt. De Max Verstappen hat an der zweeter Hallschent vun der Course liicht Problemer a konnt den Tempo vum Lando Norris net matgoen. Déi drëtte Plaz um Podium ass fir de Ferrari-Pilot Charles Leclerc. Hannert dem Monegass klasséiere sech de Carlos Sainz, Sergio Perez a Lewis Hamilton.

Resumé vun der Course

De grousse Gewënner beim Start war den 23 Joer alen Oscar Piastri. Den Australier huet um Start direkt 3 Plaze guttgemaach. An der 4. Ronn huet de McLaren-Pilot dunn de Charles Leclerc konnten iwwerhuelen a louch zu dësem Zäitpunkt hannert dem Max Verstappen op der 2. Plaz. Um Enn klasséiert sech den Oscar Piastri awer just op der 18. Plaz, dat no enger liichter Kollisioun mam Carlos Sainz. 
An der Suite vun der Course ass bis op e puer Zweekämpf am Mëttelfeld an e puer Boxestoppen net alt ze vill passéiert.

No enger Kollisioun an der 28. Ronn tëscht dem Kevin Magnussen an dem Logan Sargent huet de Safety-Car missen op d'Streck kommen. De grousse Profiteur war de Lando Norris. De Britt war zu dësem Zäitpunkt nach net an der Box, huet d'Chance wärend dem Safety-Car genotzt, a louch dono op der 1. Plaz virum Max Verstappen a Charles Leclerc.

Zu dësem Zäitpunkt war de Lando Norris de séierste Fuerer am Feld a konnt sech eng kleng Avance op de Max Verstappen erausfueren. Hannendrun hunn de Carlos Sainz an den Oscar Piastri ferm geraibert a sech e flotten Duell geliwwert, mam besseren Enn fir de Spuenier. Och de Lewis Hamilton ass eng gutt Course gefuer a klasséiert sech op der 6. Plaz. Et ass dem Hamilton säi beschte Resultat an dëser Saison.

Un der Spëtzt huet sech de Lando Norris keng Feeler erlaabt a huet seng Course souverän zu Enn gefuer.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 CRYPTO.COM MIAMI GRAND PRIX 2024


D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2024

RTL