Alex Albon verlängert bei Williams

© Williams Racing
Virum Imola-Grand-Prix huet Williams annoncéiert, dass den Alex Albon säi Kontrakt “fir e puer Joer” verlängert huet.
Déi lescht Wochen a Méint gouf et ëmmer erëm Rumeuren, den Alex Albon kéint zeréck an de Red-Bull-Imperium wiesselen, fir do ee vun den aktuelle Piloten z’ersetzen. Elo huet säin aktuelle Patron Williams annoncéiert, dass de britesch-thailännesche Pilot bleiwe wäert. De Kontrakt, dee sou wéi sou bis Enn 2025 gelaf wier, gouf “ëm e puer Joer” verlängert. Den Alex Albon wäert also bis op d’mannst 2027 fir Williams fueren: “Mir hunn ee laangfristege Projet, un deen ech wierklech gleewen. Zënter dass ech bei Williams sinn, hu mir scho grouss Fortschrëtter gemaach, an hannert de Kulissen deet sech esouvill, dass mir sécher erëm vir mat fuere wäerten.”
Den 28 Joer ale Pilot krut 2019 bei Toro Rosso säin éischte F1-Cockpit. Nach am Laf vun der Saison ass hie bei Red Bull gewiesselt, wou hien bis Enn 2020 bliwwen ass. An där Zäit stoung hien zweemol um Podium. 2021 hat Red Bull kee F1-Cockpit méi fir den Albon an huet hien an der DTM geparkt. 2022 koum et dunn zum F1-Comeback am Williams. Virun allem d’lescht Saison konnt den Albon positiv op sech opmierksam maachen, wou hien am ënnerleeëne Williams bei 8 Courssen an d’Punkte gefuer ass a sech um Enn als 13. an der WM-Tabell klasséiert huet.
F1-Pilotekarrusell: Nach 10 Cockpitte fir 2025 fräi
Vill Pilotekontrakter lafen um Enn vun der Saison aus. Hannert de Kulisse lafe vill Diskussiounen, wien d’nächst Saison, wou fuere wäert. Aktuell sinn nach 10 Cockpitte fräi. Bei Red Bull, Mercedes, Williams a Sauber ass nach eng Plaz disponibel. Bei Alpine, Racing Bulls an Haas ass nach alles op.

© RTL Grafik