2023 ass Aston Martin mat Tabelleplaz 2 no 6 Courssen e perfekte Saisonstart gelongen. Dëst Joer konnten déi Gréng deen Exploit net widderhuelen.

D'Erwaardunge bei de Wantertester ware grouss. Aston Martin wéilt dëst Joer ëm d'Victoire matfueren, gouf als Saisonzil formuléiert. Mee zu Silverstone war ee sech bewosst, dass dat keng einfach Aufgab gëtt. Zejoert hunn Alonso a Stroll nach dovunner profitéiert, dass aner Ecurië schlecht an d'Saison gestart sinn. Dee Gefalen huet d'Konkurrenz deene Gréngen dëst Joer awer net gemaach. Amplaz op Plaz 2 wéi d'lescht Joer läit Aston Martin elo no 6 Coursse mat ronn 3 Mol manner Punkten nëmmen op Plaz 5 an der WM-Tabell.

De Mike Krack zitt e gemëschte Bilan vum Saisonstart 2024: "Et ass sécher e Fakt, dass mir net do sinn, wou mir d'lescht Joer waren. Et ass natierlech enttäuschend, wann een ëmmer erëm domadder verglach gëtt, mee et ass och normal. Mir mussen och domadder kënnen ëmgoen, dass mir net déi selwecht Punkten hu wéi d'lescht Joer. Mir hätte se och léiwer, wa mir alleguer éierlech sinn."

RTL

© Aston Martin Aramco F1 Team

Et gi vereenzelt Highlighte virun allem am Qualifying

Beim China-GP beispillsweis geet de Fernando Alonso als drëtten an d'Course, mee iwwert d'Distanz kann Aston Martin dann net méi mat de Spëtzenécurië mathalen. Eng vun den Ursaachen: den Aston Martin huet eng relativ schmuel Fënster, an där en optimal funktionéiert. Den Teamchef erkläert: "Et ass déi stänneg Balance tëschent Abtrieb a Pneueverhalen an der Course. Wéi vill Pneue brauch ech? Wéi notze se of? Kann ech eng héich Pace fueren, oder iwwerhëtze meng Pneuen dann? Do ginn et keng magesch Rezepter. Dat ass einfach Downforce an d'Pneuen an der richteger Fënster halen. Wann engem dat geléngt, fiert ee vir bäi."

RTL

© Aston Martin Aramco F1 Team

Heiansdo feelt Aston Martin och dat néidegt Gléck

Beispill Miami-Sprint. Direkt beim Depart gerode béid Piloten an d'Viséier vun engem ze vill optimisteschen Hamilton. Deen Duebel-Crash huet d'Ecurie fir de Recht vum Weekend aus dem Rhythmus bruecht. Esou huet Aston Martin d'Geleeënheet verpasst, fir dovunner ze profitéieren, dass Red Bull a Verstappen un d'Struewele koumen. Net de Fernando Alonso, mee de Lando Norris konnt de Miami-Grand-Prix gewannen. Dës McLaren-Victoire ass fir de Mike Krack de Beweis, dass an der Formel 1 mat haarder Aarbecht alles méiglech ass. Dëse Weekend huet Aston Martin e gréisseren Update mat op Imola bruecht: "Et geet drëms, den Uschloss ze halen, an och den Ofstand ze schléissen. Mir ware bis elo an der Course no der Statistik esou dat véiert oder fënneft Team zesumme mat Mercedes. Dat geet ganz knapp hin an hier. Mir mussen einfach kucken, dass mir do op déi véiert Plaz kommen, an net op der fënnefter Plaz sinn."

Well d'Feld esou no beienee läit, kënne kleng Verbesserungen e grousse Sprong no vir bedeiten. Och bei Aston Martin leeft d'Entwécklungscourse op vollen Touren. Well d'Zil, fir dëst Joer erëm op de Podium ze fueren, an op d'mannst eng Course ze gewannen, dat Zil géif nach ëmmer gëllen, esou de Mike Krack.

De Mike Krack stoung RTL Lëtzebuerg tëschent Miami an Imola eng éischte Kéier fir dës Saison Ried an Äntwert. Am Video-Interview mam Serge Pauly bewäert hien d'Resultater vun den éischte Courssen, erkläert wou déi gréissten Erausfuederunge beim AMR-24 leien a gëtt en Abléck an d'Entwécklungscourse hannert de Kulissen. Hien erzielt eis, wiem hien als éischt no der iwwerraschender Victoire vum Lando Norris zu Miami gratuléiert huet, a wéi hien allgemeng déi aktuell Performance vum Spëtzentrio Red Bull, Ferrari a McLaren aschätzt. Mir hunn awer och nogefrot, wéi hien den Depart vum Adrian Newey bei Red Bull gesäit, ob de Lance Stroll wéinst der viller Kritik net esou lues d'Loscht un der F1 verléiert, an ob d'Plaz vum Audi-Teamchef hien eventuell reize géif.

RTL

© Aston Martin Aramco F1 Team