Verstappen séchert sech d'Pole zu Imola, Piastri muss 3 Plazen no hannen

© AFP
Nieft dem Weltmeeschter sollt de McLaren-Pilot Oscar Piastri un den Depart goen. De Lando Norris an de Charles Leclerc starte vun de Plazen 3 a 4.
De Max Verstappen séchert sech domat déi 7. Pole Position vun der Saison an déi 8. um Stéck, woumat hien direkt zwee Rekorder egaliséiert.
Hannert dem Hollänner waren déi zwee McLaren-Piloten Oscar Piastri a Lando Norris am séiersten. Well den Oscar Piastri am Q1 awer de Kevin Magnussen blockéiert hat, gouf hien 3 Plazen zeréckgesat. Deemno start de Lando Norris vun 2 an de Charles Leclerc vun 3.
Schonn am Q1 war Schluss fir de Kevin Magnussen am Haas an de Logan Sargeant am Williams. Nieft dem Sauber-Duo Valtteri Bottas an Zhou Guanyu huet och de Fernando Alonso de Sprong an de Q2 net gepackt. Nodeems den Aston-Martin-Pilot zu Miami scho fir déi éischt Kéier dës Saison net an d'Top 10 komm war, start hien zu Imola souguer vu ganz hannen. Zejoert hat de Spuenier de Q3 just zweemol verpasst.
Am Q2 ass mam Sergio Perez ee weidere grousse Numm ausgescheet. De Red-Bull-Pilot ass fir déi éischt Kéier dës Saison net an de Q3 komm. Duerch den Out vum Lance Stroll ass et no Miami och déi zweet Kéier hannereneen, dass Aston Martin kee Pilot an den Top 10 stellt. Donieft goufen d'Alpine-Coequipieren Pierre Gasly an Esteban Ocon souwéi den Alexander Albon op Williams eliminéiert.
De Grousse Präis kënnt Dir e Sonndeg wéi gewinnt op RTL ZWEE, RTL.lu an um RTL Play suivéieren. Den Ufank vun der Emissioun ass um 14h15, den Depart vun der Course ass fir 15h00 festgeluecht.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.
FORMULA 1 MSC CRUISES GRAN PREMIO DEL MADE IN ITALY E DELL'EMILIA-ROMAGNA 2024
D'WM-Wäertung
De Kalenner vun der Saison 2024
