Max Verstappen gewënnt knapp viru Lando Norris

© AFP
Beim éischte Grand Prix an Europa huet sech de Max Verstappen eng weider Victoire geséchert. Dat virum Lando Norris an dem Charles Leclerc.
De Max Verstappen huet eng weider Course souverän fir sech entscheet. Beim Grousse Präis vun der Emilia Romagna war den Hollänner vun der Pole Position an d'Course gaangen a konnt dës och an den éischte Kéiere géint de Lando Norris an de Charles Leclerc verdeedegen. Déi dräi Pilote sinn och no 63 Ronnen op dëse Positiounen ukomm.
Den amtéierende Weltmeeschter huet d'Course iwwer wäit Strécke souverän geréiert, mee an de leschten 5 Ronne konnt de Lando Norris säi Retard op de Max Verstappen bis op 1,5 Sekonne verkierzen. Soumat hunn d'Spectateuren op der Streck eng spannend Course bis an déi lescht Kéier gesinn. Do ass de Leader an der Weltmeeschterschaft mat 0,9 Sekonne Virsprong op den Norris iwwer d'Zillinn gefuer. De Charles Leclerc hat 7,7 Sekonne Réckstand.
Den Oscar Piastri koum am zweete McLaren als Véierten esou just net op de Podium, ass awer och eng staark Course gefuer. Den Australier war e Samschdeg zwar déi zweetséierst Ronn gefuer, gouf awer wéinst enger Blockad vum Kevin Magnussen am Q1 3 Plazen no hanne versat. Op déi fënnef Plaz koum de Carlos Sainz am zweete Ferrari.
Fir Mercedes war et an der Emilia Romagna net de gewënschten nächste Sprong no vir. De Lewis Hamilton an den George Russell sinn als 6. respektiv 7. iwwer de wäisse Stréch gefuer. De Sergio Perez, deen et e Samschdeg net an de Q3 gepackt hat an als 11. an d'Course goung, huet sech als 8 nach zwee Punkte gekroopt. Aston Martin krut duerch déi 9. Plaz vum Lance Stroll nach zwee Punkten, an de leschte Punkt war fir de Yuki Tsunoda.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.
FORMULA 1 EMILIA-ROMAGNA GP
D'WM-Wäertung
De Kalenner vun der Saison 2024
