Succès fir de Charles Leclerc zu Monaco
No engem roude Fändel an engem Restart huet de Charles Leclerc säin Heem-Grand-Prix gewonnen an eng Start-Zil-Victoire gefeiert.
Hannert dem Leclerc koum de McLaren-Pilot Oscar Piastri op déi 2. Plaz. De Podium gouf vum Carlos Sainz um zweete Ferrari komplettéiert. De Lando Norris gouf de Véierten. Fir de Leclerc war et den éischte Succès an der Formel 1 zanter 2022.
Fir Red Bull war et kee gelongene Weekend. De Sergio Perez ass direkt nom Start ausgefall an de Max Verstappen ass just op der 6. Plaz iwwer d'Arrivée gefuer. Hie bleift awer souverän op der 1. Plaz am General.
Nom Start gouf d'Course direkt an der 1. Ronn ënnerbrach, nodeems et en Accident tëscht dem Sergio Perez am Red Bull an den zwee Haas-Pilote Kevin Magnussen an Nico Hülkenberg gouf. Blesséiert gouf dobäi awer keen, mee d'Autoen hu misse geraumt an d'Leitplanke reparéiert ginn.
Gutt 40 Minutten huet et gedauert bis et de Restart gouf. Nom Restart huet sech am Klassement an enger éischter Phas näischt geännert. Leclerc, Piastri, Sainz a Norris hunn un der Spëtzt hir Ronne gedréint.
Et war eng immens taktesch Course an där et kaum Geleeënheete fir Iwwerhuelmanövere gouf. Op den éischte 4 Plazen huet sech dowéinst bis zum Schluss näischt geännert. Ronn 15 Ronne viru Schluss hat sech de Verstappen awer un de Russell op der 5. Plaz erugekämpft. De Britt huet awer dogéint gehalen a konnt op där Plaz bleiwen. De Lewis Hamilton gouf de 7..
Aston Martin krut zu Monaco keng Punkten. De Lance Stroll ass no engem Platten op der 14. Plaz iwwer d'Arrivée gefuer, den Alonso gouf den 11..
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.
Grousse Präis vu Monaco
D'WM-Wäertung
De Kalenner vun der Saison 2024
