De Jeannot Boesen erméiglecht eis e Bléck hannert d'Kulisse vum Monaco-GP
De Jeannot Boesen war fir RTL.lu als Fotograf beim Grousse Präis vu Monaco akkreditéiert, an huet eis e sëllegen Impressioune matbruecht.
D'Stad Monte Carlo ronderëm de Grand Prix
Den Opbau vun de ronn 25 Kilometer Leetschinnen, 900 Meter Tecpro Barrièren, 20.000 Quadratmeter Zonk, iwwer 1000 Tonnen Tribünen a knapp 4.000 al Pneuen, dauert ëm di sechs Wochen. Ugefaangen domat gëtt all Joer Mëtt Mäerz, aus deem Grond, well zwou Woche virum eigentleche Formel-1-Grand-Prix säit enger Rei vu Joren och de Classic Grand Prix, also mat ale Formel-1-Autoen, do ofgehale gëtt.

Mee wat bedeit dat fir dee knapp iwwer 200 Hektar klenge Staat Monaco a seng gutt 40.000 Awunner all Joer am Mount Mee?
Als Motorsportfotograf duerft ech där Fro schonn emol am Joer 2018 nogoen, a hu mech och dëst Joer domat beschäftegt. Wann ee mam Fliger dohinner flitt, ass den nooste Fluchhafen Nice. Vun do kann ee mam Zuch oder mam Taxi an de Mëttelmier-Staat fueren. Ze recommandéieren ass allerdéngs e Privat-Taxi. Den ass net nëmme méi bëlleg (zweestelleg vis-à-vis vum dräistellege Betrag bei den agreéierten Taxien), mee bréngt iech genau dohin, wou der grad hiwëllt.
No enger knapper Stonn Faart, den Trafic mat agerechent, bréngt de Chauffeur mech virun de groussen Hotel um Boulevard Princesse Charlotte, wou ech am Akkreditatiounszenter mäi Fotografe-Pass ofhuelen. Duerno geet et ze Fouss an de Media-Zenter, deen am Gebai vum „Musée et Exposition du Quai Antoine 1er“ läit. Iwwer kënstlech opgebaute Brécken, déi ganz clever opgeriicht sinn, sou datt den Zuschauer getrennt vun deem, dee mat der Course ze dinn huet, op verschidde Weeër seng Plaz ka fannen.

Et kënnt ee praktesch iwwerall hin ouni sech grouss Gedanke mussen ze maachen. Fir op d’Streck ze kommen, geet et duerch ënnerierdesch Tunnellen, déi de Fürst Rainier scho fréi erbaue gelooss huet, well e Passage iwwer d’Strooss relativ schwiereg ass.
Fotograféieren an der "Pit Lane"? Déi Chancë si geréng
Am Media-Zenter ukomm, kréien ech mäi Casier, e Stull um Pressedësch mat Internet-Accès a mäi Fotografe-Gilet, mat deem ech op der Streck duerf Fotoe maachen. Wann ech an der Boxestrooss wëll fotograféieren, da muss ech e spezielle Gillet mat der Opschrëft "Pit Lane" ufroen. Déi sinn awer zimmlech rar geséint, dofir stinn d’Chancen net ganz grouss, esou een ze ergatteren. Leider kënnt et awer vir, datt eng Agence eng hallef Dose reservéiert huet, si awer am Endeffekt nëmme puer dovu benotzt.

Di verschidde Vircourssen oder Randcourssen, wéi zum Beispill de Porsche Supercup oder d’Formel 2 an 3, sinn um Donneschde scho stramm am gaangen. Interessant ass do natierlech d'Tribün hannert dem Media-Zenter, déi vun de Leit ganz einfach de "Rocher" genannt gëtt. Et ass e risege Fiels, dee mam richtegen Numm "Rocher Nogues" heescht, an en ass am Réck vum Quai Antoine 1 placéiert. Vun do aus huet een e fantasteschen Ausbléck iwwert den Hafen an e groussen Deel vun der Streck. Mëttlerweil sinn d’Hecken an d’Beem awer sou grouss ginn, dass och do net méi vill Plaze fir d’Spectateure sinn.
300.000 Zuschauer? A wou sollen déi all stoen?
Et gëtt ëmmer gesot, aus Publicity-Grënn, dass 300.000 Zuschauer beim Grand Prix waren. Dat stëmmt vläicht op anere Circuiten, mee awer net zu Monaco. Well do ginn et ongeféier 35.000 Plazen op den Tribünen, a vläicht nach emol souvill op de Yachten an an de Gebaier ronderëm de Circuit.

Op mengem Wee duerch de Paddock fält mer op, dass immens vill Leit op klengstem Raum sinn an et richt no Iessen, Parfum a Bensinn gläichzäiteg. Am schlëmmsten ass et samschdes a sonndes. Di ganz Atmosphär ass zimmlech stéckeg an erdréckend. Et muss ee sech dru gewinnen, an et duerf ee keng Plazangscht hunn. Och an anere Beräicher vum Circuit, ass et net anescht. Also no engem ganzen Dag Kaméidi, e Mix aus allerlee Gerécher an enger gewëssener Zort Chaos muss ech soen, war ech frou owes am Appartement unzekommen an d’Rou ze genéissen, frësch Loft ze ootmen a Kraaft ze tanken, fir den nächsten Dag.

Mam Helikopter vun der Yacht an de Stadzentrum- ass dat néideg?
Jidderee wëll gesi ginn, zemools d’High Society, an déi di menge si géingen dozou gehéieren. Wann een dee ganze Luxus kuckt, dee sech zu Monaco präsentéiert, da kënnt dacks d’Fro op: Muss dat alles sinn? E gutt Beispill, wat dat bestätegt ass follgend: Ech wollt e bësse Mierwand genéissen a sinn op den "Nouveau Quai" gaangen. Do stoung eng vun deene Mega-Yachten um Anker. Dräi Persoune si kuerz Zäit duerno an den Helikopter geklommen, deen um Top vun der Yacht geparkt war, a sinn di 500 Meter Loftlinn Richtung Stad geflunn. Um Dach vun engem groussen Appartementshaus ass den Helikopter gelant, fir datt di Leit konnten do erausklammen. Ok, een deen de Portmonni fir esou eppes huet, dee kann dat maachen. Mee éierlech gesot, et bréngt een awer zum Iwwerleeën, ob dat wierklech néideg ass.
Natierlech begéint een och méi oder manner bekannte Leit aus Sport, TV, Politik, Moud an Entertainment, déi vu verschiddenen Ecurien invitéiert goufen, oder ob eegen Initiativ bei der Formel 1 sinn. Um Donneschdegowend ass ëmmer e groussen Defilé vun engem Moudedesigner op enger vun de sëllege Yachten, déi am „Port Hercule“ stinn.

Mika Häkkinen a Keke Rosberg ze Fouss ënnerwee
Den éischten Dag ass gelaf, virausgesat et participéiert een net un esou engem Defilé, an elo geet et an di ënnerierdesch, am Fiels gebaute Gare vu Monte Carlo, e Meeschterwierk a mengen Aen. Et muss ee just oppassen, dass een dee richtege Quai erwëscht, well op der Côte d’Azur fueren d’Zich wéi an England op der lénker Säit. Um Wee dohi kënnt et och emol vir, dass een en eemolegen F1-Weltmeeschter, wéi zum Beispill de Mika Häkkinen oder de Keke Rosberg begéint, deen och ze Fouss a säi Penthouse geet.

Ausserdeem gesinn ech, wéi de Poubelleswon den Dreck ronderëm de Start/Zilberäich schonn asammelt. De Quai vun der Gare bascht aus alle Néit, net nëmmen Zuschauer, mee och di Leit, déi fir d’Formel-1-Teams schaffen, vu Mechaniker bis Hostessen ass alles dobäi, fuere mam Zuch an hir Schlofgeleeënheeten. Knapp aacht Minutten dauert den Trajet bis an dat nächst Duerf an ëstlecher Richtung "Roquebrune-Cap-Martin". Et fält mer ob, dass di sëllege Yachte kilometerwäit um Mier ankeren. Duerno nach 5 Minutten ze Fouss an ech sinn am gelounte Loft um Mëttelmier. Gutt schlofen ass extrem wichteg, fir den nächsten Dag nees fit ze sinn.
Freides, Samschdes a Sonndes leeft dann dee selwechten Zenario of. Moies géint 8:00 Auer nees zu Monaco ukomm, sinn di eng oder di aner Botzmaschinn vun der Gemeng scho voll am Asaz op der Streck. Et ass zimmlech roueg an der Stad, mee lues a lues erwächen déi Leit, déi mat de Vircourssen ze dinn hunn. Op mengem Wee vun der Gare bis an de Media-Zenter observéieren ech, wéi d’Restauranten an di kleng Imbissbude virbereet ginn, wougéint an de Bistroen d’Leit vun der Securitéit a vum Medical Service sech schonn e Kaffi geneemegen.

12 Euro fir e Kaffi mat Mëllech
Ech bleiwe stoe bei engem feine Mann vum Steak’n’Shake, deen amgaangen ass d’Dëscher op der Terrasse ze decken a froen hien, wéi esou ee Weekend vum Grand Prix ausgesäit. Hie sot, et wier e Seegen, dass un deem Weekend esou vill Leit an der Stad wären, säi Geschäft géing exzellent lafen. Dat kann ech mer gutt virstellen, wann ech op d’Gedrénkskaart kucken a feststellen, dass e Kaffi mat Mëllech 12 € kascht. An daagsiwwer ass de Bistro/Snack voll.
Spéider am Dag froen ech en Ugestallte vum Restaurant Pattaya, den am Bierg erop um Boulevard J.F.Kennedy läit an eng herrlech Vue iwwer den Hafen duerstellt. De François huet bestätegt, dass um Weekend vun der Formel 1 extrem vill Aarbecht ass, de ganzen Dag iwwer bis spéit an d’Nuecht eran, sou dass och fir d’Restauranten de Commerce exzellent leeft.
Yachten all verlount
Vis-à-vis vum Restaurant sinn direkt zwou Yacht Consulting Agencen, déi de Weekend vum Grand Prix zou sinn. An der Fënster hänkt en Hiweis, dass all d’Yachte verlount sinn, an dass d’Agence an der nächster Woch nees op ass. Am Hafen, direkt um Paddock, hunn ech de Pedro begéint, en ausgewanderte Spuenier de säit iwwer 20 Joer seng kleng Yacht vun 8 Meter verlount, all Joers fir de Grand Prix, fir e 5-stellegen Euro-Betrag, genau wollt hie mer et net soen. "Et gi Leit, déi sech zerklappe fir di Plaz ze kréien", sot de Pedro.

An dat witzegst ass, dass dem Pedro seng Yacht emol net um Bord vun der Streck läit, mee méi zum Paddock zou. Hie sot nach, dass di Yachten un der Streck e 6-stellegen Euro Betrag kaschten. Fir de Weekend gutt verstanen.
10.000 Euro fir eng Terrasse vun 2x3 Meter
D’Madamm Charlotte, eng Wittfra an de Mëtt 50er, huet en Appartement um Boulevard Albert 1er, an der Héicht vu Start an Zil. Hir Wunneng läit op der 5. Etage an huet eng Terrasse vun dräi op zwee Meter. Ech wollt wëssen, wéi vill si da kritt fir d'Appartement, an ech war erstaunt iwwer hier Äntwert: "Ma ech verloune just d’Terrasse daagsiwwer vun 10:00 bis 18:00 Auer fir 10.000 € de Weekend, Gedrénks inclus. Ech loossen awer net méi wéi 5 Leit eran. Dat funktionéiert ganz gutt, scho säit enger Rei vu Joren kommen ëmmer di selwecht Leit", huet si ganz héiflech gesot.

Dat heescht et kann ee soen, dass de Grand Prix am Groussen a Ganzen de Geschäftsleit an och de private Leit vill Ëmsätz bréngt. Haaptsächlech d’Hebergementer an de kulinaresche Beräich funktionéieren exzellent. Apdikten, Schongbutteker, Miwwelgeschäfter a Coiffeure gesinn elo keen Ënnerscheed op engem GP-Weekend. An den Niewestroosse stinn eng sëllege Souvenirstänn mat T-Shirten, Kapen, Miniatur-Formel-1en a villes méi. Do floréiert de Business natierlech och. De Stress, deen dat mat sech bréngt, verkraaften d’Verkeefer ganz gutt, krut ech bestätegt.
Problemer mam Zuch - Awunner net begeeschtert
Samschdes mueres hat den Zuch wéinst technesche Problemer eng knapp Stonn Verspéidung, wat vill Leit, déi um Quai gewaart hunn, net frou gemaach huet. Si kommen ze spéit op d’Aarbecht a ginn dem Grand Prix d’Schold. Si soen, d’SNCF géing dat bewosst maachen, well Zich all Moien an all Owend iwwerfëllt sinn an si duerfir verschidden Zich ausfale loossen, fir dass d’Leit sech anerwäerteg fortbeweegen. E puer Leit hu mech scho virun der Rees gewarnt, dass et ëmmer Problemer ginn mam Zuch. D’Meenunge sinn awer doriwwer gedeelt. Wärend der Faart an d’Gare de Monte Carlo huet d’Madamm mer nach gesot, dass di Monegassen, déi net vill mam Grand Prix um Hutt hunn, dee Weekend fort fueren, fir aus dem Zirkus a Kaméidi eraus ze sinn.
D'Stad ass gutt virbereet
Et muss een och feststellen, dass trotz der Onmassen Autoen, déi op de Stroossen duerch d’Stad fueren, de Verkéier awer gutt fléisst, dat wëll soen, et kënnt een trotz minimalen Delaien gutt dohin, wou ee wëll. Et sinn eng ganz Partie Polizisten de ganze Weekend am Asaz, fir den Trafic ze reegelen.

Jiddefalls kann ee soen, dass Monaco gutt organiséiert ass a sech gutt op de Grand Prix virbereet huet. An der Mëtt vum Quai an der Gare ass fir samschdes a sonndes, wann de Run am gréissten ass, en Deckel, deen hydraulesch eropgefuer gëtt. Do drënner ass eng Zort Noutgang, fir dat d’Leit net all de selwechte Wee musse goen.
2.500 Leit fir Sécherheet a Kontrollen
Am Büro vum "ACM" Automobilclub de Monaco krut ech gesot, datt de Weekend vun der Formel 1 eng gutt 2.500 Kommissären a privat Leit sech ëm d’Sécherheet, de Contrôle an aner Mesurë këmmeren. Verschiddener vun hinne ginn esouguer all Joers virum Grand Prix nach emol frësch geschoult, an engem Stage iwwer zwee bis dräi Deeg. Di meescht Leit maachen dat Benevole, mee et ginn och Leit am medezinesche Beräich, oder Pompjeeën, déi dat berufflech maachen, also e Salaire hunn. Di monegassesch Pompjeeën hunn extrem flott Helmer un, déi och ëmmer e schéint Motiv fir eng Foto duerstellen.

Mat e bësse Geschéck, kann een eng Foto vum Helm maachen, grad da wann en Auto sech dra spigelt. Am groussen a ganze kann ech bestätegen, dass d’Marschalle relativ ferm awer ganz fei sinn.
"Et muss een dat emol erlieft hunn"
No engem interessante Weekend an enger spannender Course kann ech och soen, dass de Grand Prix vu Monaco extrem vill Trubbel mat sech bréngt, et kierperlech och zimmlech ustrengend ass, wann ee seng Aarbecht wëll anstänneg maachen. Mee et ass ganz kloer en Highlight am Formel-1-Kalenner, e Klassiker einfach, an als Motorsport-Enthusiast sinn ech der Meenung: "Et muss een dat emol materlieft hunn".
Fir di Leit, déi bei engem Formel-1-Grand-Prix schaffen, sief et an engem Team oder beim ACM, geet eng hallef Stonn no der Course e weideren Deel vun der Aarbecht un. Alles muss ofgerappt ginn a fir méindes moies muss den alldeegleche Verkéier nees richteg funktionéieren. D’Chauffeure vun deene risegen Camione mussen sech owes schonn op de Wee maachen, fir op deen nächste Grand Prix.
