Wou d'Rees vum Esteban Ocon higeet, ass nach net gewosst: mee eppes steet fest: De Pilotemarché an der Formel 1 bleift weider spannend.

Aus der Formel 1 ass et d'Nouvelle, dass den Esteban Ocon an Alpine no dëser Saison getrennte Weeër ginn. Dat huet déi franséisch Ecurie e Méindeg an der Mëttesstonn annoncéiert.

Wien de Cockpit vum Fransous iwwerhëlt, ass nach net gewosst, mee et gi Rumeuren, dass de Choix op de Reserve-Pilot Jack Dohan fale kéint. Alpine huet awer nach net confirméiert, dass den Australier nächst Saison am Auto sëtze wäert.

Den Esteban Ocon, dee seng fënneft Saison fir déi franséisch Ecurie fiert, konnt 2021 seng éischte Victoire an Ungarn feieren a stoung 2023 zu Monaco als drëtten um Podium. Eng weider Podiumsplaz konnt de 27 Joer ale Pilot 2020 am Bahrain feieren, wou en als zweeten iwwert de wäisse Stréch gefuer ass.