An der Formel 1 huet de Sergio Perez säi Kontrakt bei Red Bull bis 2026 verlängert, wéi d'Ecurie en Dënschdeg offiziell matgedeelt huet.

No der Nouvelle, datt den Esteban Ocon 2025 net méi bei Alpine fiert, war et elo Red Bull, déi um 18 Auer en Dënschdeg confirméiert hunn, datt de Sergio Perez e Kontrakt fir zwou weider Saisone mat der Ecurie aus England ënnerschriwwen huet.

No dem Accident am éischten Tour beim Grousse Präis vu Monaco a villen éischter duerchwuessene Performancen dës Saison, war bis elo ni ganz sécher, ob Red Bull weider mam Mexikaner wéilt zesummeschaffen. Esou koumen ëmmer rëm Rumeuren op, et hätt ee sech scho mam Carlos Sainz Jr. beschäftegt, dee jo nach kee Cockpit fir 2025 huet.

Fir de Sergio Perez, deen an der leschter Course bis op déi 5 Plaz am Klassement zeréckgefall war, wäert et elo drëms goen, fir rëm un d'Form vum Ufank vun der Saison unzeknäppen. Do stoung de Mexikaner an 3 vun den éischte 4 Courssen um Podium.