D'FIA huet néi Reegele fir d'Saison 2026 presentéiert. Den F1-Auto gëtt méi liicht a méi kleng wéi säi Virgänger. Och beim Moto kënnt et zu Changementer.

D'Autoe ginn 30 Kilo méi liicht

Virum Grousse Präis vu Kanada huet d'FIA déi nei Reegele fir d'Formel-1-Saison 2026 presentéiert. E Kritikpunkt vun dëser Generatioun ass, dass d’Autoen ze laang an ze breet sinn. A genee an dësem Beräich wäert sech eppes änneren. D’Autoe ginn nämlech e wéineg méi kleng, mee virun allem méi liicht. D'Mindestgewiicht wäert net méi bei 798 Kilo leien, mee nëmmen nach bei 768 Kilo (inklusiv Pilot). Beim Motor, der sougenannter Powerunit, kënnt et direkt zu e puer Changementer. Hei fält d'MGU-H-Komponent ewech. Dëst Element war zoustänneg fir d'Ofgase vum Auto an Energie ëmzewandelen. En extrem komplexe System, deen elo duerch zousätzlech Elektroenergie ersat gëtt.

Bei der Aerodynamik gëtt den DRS duerch en "Override-Modus" ersat

Zanter 2011 huet de Pilot d'Méiglechkeet - de Fall gesat, dësen ass ënnert 1 Sekonn par rapport zum Auto virdrun - den hënneschte Flillek eropzeklappen, also vum DRS ze profitéieren, fir esou méi Geschwindegkeet opzebauen an den Auto virdrun iwwerhuelen ze kënnen. Den DRS fält vun 2026 un ewech. Dowéinst komme Piloten elo an de Genoss vum sougenannten "Override-Modus", wou se méi Leeschtung kënnen ofruffe wéi den Auto virdrun. Wéi dacks a wéi laang e Pilot dorop zréckgräife kann, ass bis elo nach net gewosst.

Pilote sollen d'Méiglechkeet kréien, vun enger "aktiver Aerodynamik" profitéieren ze kënnen. D'Positioun vun de Flilleke ka verännert ginn, fir méi Vitess ze generéieren. Dat awer onofhängeg vum Ofstand op den Auto virdrun. Fir den DRS-System dierfen ze benotzen, dierf den Auto virdru jo net méi wéi 1 Sekonn ewech sinn. Bei der "aktiver Aerodynamik" kënnen d'Piloten d'Flilleken e puer Mol wärend dem Tour veränneren onofhängeg vum Ecart zum Auto virdrun. Et kann ee gespaant sinn, wéi dës Ännerung herno an der Realitéit konkret ausgesäit.

Sécherheet gouf verbessert a Formel 1 gëtt méi nohalteg

Och d'Sécherheet gouf verbessert. Esou muss zum Beispill den HALO, den Iwwerrollbigel, deen de Pilot schützt, an Zukunft 20G a keng 16G méi aushalen. Ausserdeem gi Formel-1-Autoe vun der Saison 2026 u mat engem komplett nohaltege Bensinn opgetankt, deen theoretesch vun all Auto mat engem Verbrennungsmotor kéint getankt ginn.

Am fräien Training vum Grousse Präis vu Kanada, deen dëse Weekend gefuer gëtt, souwéi an eisem Virprogramm e Sonndeg vun der Course, ginn et weider Detailer zu dësen neie Reegelen, déi vun 2026 un a Kraaft trieden.