Russell a Verstappen zäitgläich an éischter Startrei

© AFP
De Verstappen an de Russell sinn no 1:12,000 iwwer d'Zillinn gefuer. McLaren mam Norris a Piastri sinn a Schlagdistanz fir d'Course.
Méi spannend hätt de Qualifying zu Montreal net kënnen op en Enn goen; et war e Qualifying fir d'Geschichtsbicher. Den George Russell an de Max Verstappen sinn am Q3 déi selwecht Zäit (1:12,000) gefuer, mee vu dass de Russell d'Zäit éischter gefuer war, start de Britt vun der Pole Position. De Weltmeeschter Verstappen geet vu Plaz 2 an d'Course. An der zweeter Startrei sti mam Lando Norris a mam Oscar Piastri zwee McLaren-Piloten, déi domat déi staark Performance vun hirer Ecurie confirméieren.
Och den Daniel Ricciardo an de Yuki Tsunoda op Racing Bull hu mat der 5. an 8. Plaz eng opstriewend Performance gewisen. Aston Martin konnt mam Fernando Alonso (6.) a mam Lance Stroll (9.) mol nees positiv op sech opmierksam maachen. Den Teamkolleeg vum Pole-Setter, de Rekordweltmeeschter Lewis Hamilton, ass déi siwentséierst Zäit gefuer. Den Alexander Albon op Williams komplettéiert d'Top 10.
Am Q2 si béid Ferrari-Piloten eliminéiert ginn. No senger éischter Victoire zu Monaco virun zwou Woche geet de Charles Leclerc vun der 11. Positioun an d'Course. Säi Coequipier Carlos Sainz steet direkt hannert him. Et ass déi éischt Kéier zënter dem Grand Prix an der Belsch 2021, dass kee Ferrari am Q3 dobäi war. Och de Logan Sargeant, de Kevin Magnussen an de Pierre Gasly war nom zweeten Tour Schluss.
De Sergio Perez ass eng weider Kéier am Q1 ausgescheet, an dat kuerz no der Annonce, dass de Mexikaner säi Kontrakt bei Red Bull verlängert huet. Nieft dem Red-Bull-Pilot, deen eng Sekonn Réckstand op säin Teamkolleeg Verstappen op Plaz 1 hat, sinn nach de Valtteri Bottas, den Esteban Ocon, den Nico Hülkenberg an de Zhou Guanyu net iwwer déi éischt Qualifikatiounsphas erauskomm. Den Esteban Ocon wäert awer als Leschten un den Depart goen, well hien nach eng Strof aus dem leschte Grand Prix ofsëtze muss.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.
FORMULA 1 CRYPTO.COM MIAMI GRAND PRIX 2024
D'WM-Wäertung
De Kalenner vun der Saison 2024
