Max Verstappen gewënnt eng fulminant Course zu Montreal
An enger spannender Course mat ville Changementer am Spëtzegrupp ka sech um Enn de Weltmeeschter virum Lando Norris an dem George Russell behapten.
An enger animéierter Course, bei der ëmmer nees Reeschauere vum Himmel erof komm sinn, ka sech no 70 Ronnen a villen Changementer un der Spëtzt um Enn de Max Verstappen virum Lando Norris an dem George Russell duerchsetzen. Et ass den 1. Podium an dëser Saison fir Mercedes.
Op d'Plaze 4 a 5 kommen de Lewis Hamilton an den Oscar Piastri. De Charles Leclerc huet säin Auto missen an der 43. Ronn an der Box ofstellen. An och de Carlos Sainz um zweetem Ferrari huet de Schwaarz-Wäiss-Karéierte Fändel net gesinn.
Resumé vun der Course
Bei naasse Wiederkonditiounen zu Montreal si bis op béid Haas-Piloten all déi aner Piloten op Intermediates Pneue fortgefuer. De George Russell huet seng Plaz virum Max Verstappen an de Lando Norris verdeedegt. Virun allem um Ufank vun der Course haten d'Haas Piloten e Virdeel. Sou huet sech de Kevin Magnussen no 3 Ronne vun der 14. op déi 4. Plaz. no vir geschafft.
D'Streck ass am Laf vun der Zäit awer ëmmer mei dresche ginn, sou dass déi aner Pilote mat den Intermediates Pneuen dunn am Virdeel waren. De Lando Norris huet den Drock op de Weltmeeschter Max Verstappen ëmmer weider erhéicht. An der 20. Ronn huet hien de Red Bull iwwerholl a louch op der 2. Plaz. Et sollt awer net all ze laang daueren, éier de Lando Norris och de George Russell konnt iwwerhuelen, dee bei dësem Duell och kuerz vun der Streck ofkomm ass, an seng Plaz un de Verstappen huet missen ofginn. No 23 Ronne louch de McLaren-Pilot Lando Norris deemno virum Max Verstappen a George Russell a Féierung.
Kuerz dorop sinn d'Piloten an d'Box komm. An do huet de Max Verstappen den Undercut géint de Lando Norris konnte realiséieren. No 27 gefuerene Ronne louch de Weltmeeschter virum Russell, Norris, Piastri an Hamilton.
Fir Ferrari war et e Weekend zum Vergiessen. Nom desolatem Qualifying e Samschdeg hat de Charles Leclerc an der Course och nach Problemer mam Motor, gouf iwwerronnt, an huet säin Auto an der 43. Ronn an der Box ofgestallt.
Am Spëtzegrupp goufen et ëmmer nees Changementer. Piloten hunn sech um Circuit zu Montreal absolut näischt geschenkt.
Un der Spëtzt ka sech no fulminante 70 Ronnen de Max Verstappen virum Lando Norris an dem George Russell duerchsetzen. De Rekord-Weltmeeschter Lewis Hamilton ass eng ganz staark Schlussphase gefuer a ka sech um Enn op der 4. Plaz klasséieren. Op d'Plaz 5 fiert den Oscar Piastri virum Fernando Alonso an dem Lance Stroll.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.
FORMULA 1 AWS GRAND PRIX DU CANADA 2024
Grousse Präis vu Kanada
D'WM-Wäertung
De Kalenner vun der Saison 2024
