De 74 Joer alen Italieener soll der franséisch-brittescher Ecurie mat senger Expertis op verschiddene Pläng weiderhëllefen.

Sou soll hien zum Beispill den aktuelle Projet weiderbréngen oder och nach de Pilotemarché voll am Bléck hunn.

De fréieren Teamchef vu Renault war jo 2009 an enger éischter Phas, no der ominéiser Crash-Gate-Affär, liewenslänglech aus der Formel 1 ausgeschloss ginn. Spéiderhi gouf déi Spär opgehuewen an de Flavio Briatore hätt vun 2013 un nees Funktiounen an der Kinneksklass vum Automobilsport kënnen iwwerhuelen.