Et ass déi zweet Pole Position an der Karriär vum McLaren-Pilot. Nieft dem Britt geet de Weltmeeschter Max Verstappen e Sonndeg un den Depart.

Fir McLaren ass et déi éischt Pole um Circuit zu Barcelona zanter 2005. Nodeems de Lando Norris schonn an all de fräien Trainingen an den Top 3 louch, kann hie sech och d'Pole mat enger Avance vun 2 Honnertstel op de Max Verstappen sécheren. Et ass den drëtte Qualifying um Stéck bei deem de Weltmeeschter net déi séierste Ronn gefuer ass.

D'Course kënnt Dir Iech hei nach emol am Replay ukucken.

Déi zwee Mercedes-Piloten Hamilton a Russell starten aus der zweeter Startrei. D'Ferrari-Coequipieren Leclerc a Sainz ginn e Sonndeg vun de Plaze 5 a 6 un den Depart. De Sergio Perez ass den 8. ginn, hie wäert awer wéinst enger Strof aus Kanada vun der 11. Plaz un den Depart goen.

Am Q2 gouf nieft dem Lance Stroll am Aston Martin och säi Coequipier Fernando Alonso eliminéiert. Et ass schonn déi 4. Kéier an dëser Saison, dass de Spuenier et net an de Q3 packt. Och fir déi zwee Sauber-Piloten Bottas an Zhou esouwéi fir den Hülkenberg war de Qualifying eriwwer.

Am Q1 war scho Schluss fir de Williams-Duo Albon a Sargeant. Donieft hunn déi zwee Racing-Bulls-Piloten Tsunoda a Ricciardo de Sprong an de Q2 net gepackt, an och de Magnussen op Haas huet den Auto missen an der Garage ofstellen.

D'Course kënnt Dir e Sonndeg wéi gewinnt op RTL ZWEE, op RTL.lu an um RTL Play suivéieren. Den Ufank vun der Emissioun ass um 14.15 Auer, den Depart vun der Course ass fir 15 Auer festgeluecht.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 ARAMCO GRAN PREMIO DE ESPAÑA 2024


D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2024

RTL