Beim Grand Prix vu Spuenien hunn den Hollänner an de Lando Norris d'Plaze par rapport zum Depart getosch, genee wéi den Hamilton an de Russell hannendrun.

No 66 Tier um Circuit de Catalunya stoung de Max Verstappen ganz uewen um Podium. Eng Träppchen ënnert him stoung de Lando Norris an déi drëtt Plaz war fir de Rekordweltmeeschter Lewis Hamilton. Den George Russell komplettéiert dat gutt Resultat vu Mercedes mat der 4. Plaz.

Fir Ferrari war et net déi erhofft Relance nom gudde Resultat zu Monaco viru 4 Wochen. De Charles Leclerc gouf 5., eng Plaz virum Carlos Sainz. Den zweete McLaren vum Oscar Piastri koum op der 7. Positioun un, hannert him war et de Pierre Gasly. Déi lescht Punkte kruten de Sergio Perez an den Esteban Ocon.

Déi ganz Course fannt Dir hei am Replay.

Direkt um Depart gouf et eng Verännerung un der Spëtzt. De Lando Norris hat seng éischt Positioun no engem moren Depart scho virun der éischter Kéier verluer a war op déi drëtt Plaz zeréckgefall. Profiteur war den George Russell, dee sech vun der véierter Plaz laanscht den Norris an de Max Verstappen gedréckt hat. Dës Positioun sollt de Britt awer just eng Ronn halen, éier de véierfache Weltmeeschter de Lead vun der Course iwwerholl huet.

De Lando Norris war vun de Spëtzepilote de Leschten, deen d'Pneue gewiesselt hat, an huet sech duerno musse vun der 5. Plaz no vir schaffen. Hie sollt no e puer Ronnen nees am Réckspigel vum Weltmeeschter opdauchen an de Lead vun der Course iwwerhuelen, nodeems de Verstappen an der 45. Ronn nei Pneue siche war. D'Féierung huet awer just dräi Ronnen gedauert, well den Norris och nei Pneue gebraucht huet. Duerno hat de McLaren-Pilot 7,6 Sekonne Retard an huet dat Lach bis zum Schluss just op 2 Sekonne kënnen zoufueren.

Am Generalklassement baut de Max Verstappen  seng Féierung aus. De Lando Norris iwwerhëlt vum Charles Leclerc d'Positioun vum éischte Verfollger, de Monegass ass elo Drëtten.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 ARAMCO GRAN PREMIO DE ESPAÑA 2024


D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2024

RTL