Alpine verlängert mam Pierre Gasly

Virum GP vun Éisträich, deen zu Spielberg gefuer gëtt, huet déi franséisch Ecurie annoncéiert, dass de Pierre Gasly nächst Saison fir Alpine wäert fueren.
De Fransous, deen aktuell seng zweet Saison fir Alpine fiert, soll mat senger Erfarung vun 140 Grand Prixen d’Ecurie laangfristeg no vir bréngen. Dee gréissten Succès huet de Gasly am Joer 2020 mat senger Victoire zu Monza gefeiert. Deemools war hien awer am Déngscht vun „AlphaTauri“,déi haut Racing Bulls heeschen.
Den Pierre Gasly: „Ech fille mech immens wuel an esou enger groussaarteger Ekipp. Ech genéissen et, en Deel souwuel vun dësem Projet ze sinn, wéi och an der Visioun vun Alpine Cars eng grouss Roll ze spillen. Ech sinn zefridde mat den Ännerungen, déi gemaach goufen, mat der haarder Aarbecht vun der Ekipp an der Richtung, déi mir aschloen. Ech freeë mech op d'Zukunft a konzentréiere mech den Ament op Detailer fir meng Leeschtung weider ze verbesseren.“
Op wéi eng Ännerungen de Gasly do wuel uspillt? Alpine, respektiv den Ocon, hu jo virum Grousse Präis vu Kanada annoncéiert, um Enn vun der Saison getrennte Weeër ze goen. D'Relatioun tëschent béide Pilote war jo net déi bescht a beim Grousse Präis vu Spuenien zu Barcelona gouf de Flavio Briatore neie Beroder bei déi franséisch Ecurie.
Wien un der Säit vum Pierre Gasly un den Depart goe wäert, ass nach net gewosst. D’Ecurie huet awer wësse gedoen, dass den Teamkolleeg deemnächst annoncéiert soll ginn.