De Kanadier bleift Teamkolleeg vum Fernando Alonso.

De Lance Stroll wäert weider fir Aston Martin fueren an op d'mannst bis 2026 am Cockpit setzen. Dës Annonce ass wéineg iwwerraschend. De Lawrence Stroll, de Patron vun der Ecurie a Papp vum Pilot, hält grouss Stécker op säi Fils. 
 
Lance Stroll: "Ech sinn iwwerglécklech, dass ech mech verflicht hunn, bis 2025 an driwwer eraus am Team ze bleiwen. Et ass erstaunlech ze gesinn, wéi wäit mir an deene leschte 5 Joer komm sinn. Mir sinn als Team extrem zesummegewuess an et gëtt nach vill wouriwwer mir eis freeë kënnen."
 
Et fält op, dass et eng gewësse Konstanz bei Aston Martin gëtt. Mam Duo Alonso/Stroll geet d’Ecurie elo fir déi drëtte Kéier hannereneen onverännert an eng Formel-1-Saison.
 
Den Teamchef Mike Krack: "Mir sinn frou, mam Lance d'Zukunft bei Aston Martin confirméieren ze kënnen. Hien huet eng wichteg Roll beim Opbau vun dësem Team gespillt. Säin technesche Feedback a seng engagéiert Aarbecht am Simulator hunn dozou bäigedroen, den Auto all Saison wieder ze entwéckelen. De Lance an de Fernando, déi elo an eisem Team bleiwen, brénge Bestännegkeet a Stabilitéit, fir esou eis Ambitioune weider ze entwéckelen."