De Weekend mécht d'Formel 1 Statioun zu Spielberg an Éisträich. Et ass d'Heemspill vu Red Bull.

De Max Verstappen huet zu Spielberg fir e perfekte Start an d'Heemspill vu Red Bull gesuergt. De Formel-1-Weltmeeschter huet sech d'Sprint-Pole geséchert. Den Hollänner huet sech e Freideg am Nomëtteg am Sprint-Qualifying virun den zwee McLaren-Piloten Lando Norris (McLaren) an Oscar Piastri behaapt.

Pech hat de Charles Leclerc. No Problemer mat sengem Auto ass dem Monegass keng Zäit am Q3 gelongen.

De Sprint vum Grousse Präis vun Éisträich gëtt e Samschdeg de Moien um 12 Auer gefuer a gëtt live op RTL iwwerdroen.

Net iwwer de Q1 erauskomm sinn den Daniel Ricciardo (RB), den Nico Hülkenberg (Haas), de Valterri Bottas (Sauber), den Alexander Albon (Williams) an de Zhou Guanyu (Sauber).

Am Q2 war Feierowend fir de Kevin Magnussen (Haas), de Lance Stroll (Aston Martin), de Fernando Alonso (Aston Martin), de Yuki Tsunoda (RB) an de Logan Sargeant (Williams).

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 QATAR AIRWAYS AUSTRIAN GRAND PRIX 2024


D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2024

RTL