Max Verstappen wënnt Sprint-Course an Éisträich

No engem spannenden Dräikampf an der Ufanksphas, tëscht Verstappen, Norris a Piastri, konnt sech den Hollänner um Enn zu Spielberg duerchsetzen.
E Samschdeg an der Mëtteststonn gouf am Kader vum Grousse Präis vun Éisträich de Sprint gefuer. De Verstappen war vun der Sprint-Pole fortgefuer, war awer scho fréi ënner Drock vum Norris geroden, deen en och konnt iwwerhuelen. Ma de Verstappen konnt direkt an der nächster Kéier konteren a seng éischt Positioun zeréckerueweren.
Duerno huet de Piastri sech Plaz 2 geschnaapt an den Norris huet liicht mussen ofräisse loossen. De Verstappen konnt sech vir liicht ofsetzen, iwwerdeems ee bei McLaren mat den Temperature vu Bremsen a Motor ze kämpfen hat.
Op den 3 éischte Plaze sollt sech bis zum Schluss näischt méi änneren. Hannendru komme Russell, Sainz, Hamilton, Leclerc, Perez, Magnussen a Stroll op de Plaze 4 bis 10.
De Replay vum Sprint fannt Dir um RTL Play.
Um 15.55 Auer gëtt de Qualifying fir de grousse Präis vun Éisträich gefuer, deen dir wéi gewinnt live op RTL suivéiere kënnt.
FORMULA 1 QATAR AIRWAYS AUSTRIAN GRAND PRIX 2024
D'WM-Wäertung
De Kalenner vun der Saison 2024
