Beim Heemspill vu Red Bull zu Spielberg geet de Max Verstappen e Sonndeg vun der éischter Plaz an d'Course. Mercedes weist eng opstriewend Performance.

Nodeems de Max Verstappen um Samschdegmëtteg schonn am Sprint de Séierste war, war och an der Qualifikatioun fir de Grousse Präis vun Éisträich kee Kraut géint den Hollänner gewuess.

Mat enger formidabeler Zäit vun 1:04,314 huet sech den dräifache Weltmeeschter d'Pole Position gekroopt an hat dobäi 0,4 Sekonne Virsprong op de Lando Norris. Aus der zweeter Startrei ginn den George Russell an de Carlos Sainz an d'Course. Dem Oscar Piastri seng Beschzäit, déi hien op déi drëtt Plaz katapultéiert hat, gouf wéinst Verstouss géint d'Track Limits gestrach, soudass den Australier vun der 7. Positioun start.  Virum zweete McLaren sti mam Lewis Hamilton a Charles Leclerc den zweete Mercedes respektiv den zweete Ferrari.

Komplettéiert gëtt d'Top10 vum Sergio Perez op der 8, dem Nico Hülkenberg op der 9 an dem Esteban Ocon op der 10.

Am Q2 war de Max Verstappen senge Kontrahente schonn dervugefuer. Den Hollänner war iwwer eng hallef Sekonn méi séier an huet déi aner Fuerer reegelrecht deklasséiert. No den 12 Minutte war fir den Daniel Ricciardo, de Kevin Magnussen, de Pierre Gasly an de Yuki Tsunoda Schluss.

Fir Aston Martin an de Lëtzebuerger Teamchef Mike Krack geet den negativen Trend weider. De Fernando Alonso hat et wuel an de Q2 gepackt, ass do awer déi luest Zäit gefuer a gouf just 15. Nach méi schlëmm hat et säin Teamkolleeg Lance Stroll erwëscht, dee schonn am Q1 eliminéiert gouf an e Sonndeg vun der 17. Plaz an d'Course goe wäert.

Am éischten Tour vun der Qualifikatioun war gewinntermoosse Schluss fir den Alexander Albon, de Valtteri Bottas, de Logan Sargeant  an de Zhou Guangyu.

De Start vun der Course ass e Sonndeg um 15 Auer, de Programm op RTL start um 14.15 Auer. Dir kënnt d'Emissioun op RTL ZWEE, RTL.lu an op RTL Play suivéieren. 

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 QATAR AIRWAYS AUSTRIAN GRAND PRIX 2024


D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2024

RTL