De Mercedes-Pilot konnt vun engem Tëschefall tëscht dem Max Verstappen an dem Lando Norris profitéieren.

Wann Zwee sech streiden, da freet sech den Drëtten. Sou ongeféier léisst sech déi dramatesch Schlussphas zu Spielberg zesummefaassen. Um Enn ass et nämlech den George Russell, deen no enger Kollisioun tëscht dem Max Verstappen an dem Lando Norris un der Spëtzt de Grousse Präis vun Éisträich virum Oscar Piastri an dem Carlos Sainz gewonnen huet.

Scho kuerz nom Depart war et hannert der Pole direkt zu enger Rei Dueller komm. Wärend de Lando Norris seng zweet Plaz géint den George Russell verdeedege konnt, war et tëscht dem Oscar Piastri an dem Charles Leclerc zu engem Kontakt komm, no deem de Ferrari-Pilot een neie Front-Flillek gebraucht huet. Och tëscht béide Mercedes-Pilote gouf et fréi en éischt Duell, ma d'Attack vum Lewis Hamilton konnt den George Russell direkt nees konteren an d'Plaz domat zréckhuelen.

Laang hunn de Max Verstappen an de Lando Norris un der Spëtzt ëm déi éischt Plaz gekämpft, an der 64. Ronn hu sech béid Piloten allerdéngs duerch eng Kollisioun d'Victoire verspillt. Fir de Britt am McLaren war d'Course doropshin eriwwer, de Max Verstappen hat et nach eemol zréck op de Circuit gepackt. Den George Russell huet vun deem Tëschefall profitéiert a séchert sech um Enn seng éischt Victoire vun der Saison.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 QATAR AIRWAYS AUSTRIAN GRAND PRIX 2024


D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2024

RTL