Bearman ënnerschreift bei Haas

De Britt Oliver Bearman fiert nächst Saison an der Formel 1.
Am Kader vum Grousse Präis vun Groussbritannien huet déi amerikanesch Ecurie Haas matgedeelt, dass den Oliver Bearman e Kontrakt iwwert e puer Joer mat hinnen ënnerschriwwen huet. De 19 Joer jonke Pilot, deen an der Ferrari-Akademie ausgebilt gëtt an offiziell Reservepilot vun der Ecurie ass, fiert dës Saison nach an der Formel 2. De leschte Weekend konnt hien zu Spielberg säin éischte Succès feieren.

No der Bearman-Ënnerschrëft bei Haas bleiwen nach 6 F1-Cockpits fräi. / © RTL-Grafik
An der Formel 1 ass de Bearman zanter dem Grousse Präis vun Saudi Arabien keen onbeschriwwent Blat méi. Zu Djeddha hat hien dës Saison de Ferrari-Pilot Carlos Sainz missen ersetzen, dee mam Blinddarm operéiert gi war. An der Course konnt hien direkt seng éischt Punkte sammelen an huet sech och vu senger beschter Säit gewisen. De Bearman ass nämlech als 7. virum Lando Norris a Lewis Hamilton ukomm.
Dëse Weekend wäert den Oliver Bearman am éischte fräien Training (13.30 Auer Live op RTL Zwee an RTL Play) am Auto sëtzen. Dëst ass Deel vun sengem Entwécklungsprogramm.