Apple dréint ee groussen F1-Film mam Brad Pitt an der Haaptroll. De Lewis Hamilton ass begeeschtert vun den Opnamen. Elo gesinn och d’Fans éischt Biller.

Och Hollywood wëll vum weltwäite Formel-1-Boom profitéieren. D’Apple Studios dréinen dofir zënter leschtem Joer ee Blockbuster ronderëm d'Rennsportaart. Dobäi gouf a gëtt och wärend de F1-Weekender gefilmt. Déi fiktiv Ecurie "APXGP" hat beispillsweis eege Garagen an der Boxegaass, d’Acteuren hunn Zeenen op der richteger Startopstellung gedréint oder d’Formel-1-Autoe goufe wärend de Coursse mat spezielle Mini-Filmkameraen equipéiert.

Haaptacteur ass den Hollywood-Star Brad Pitt, dee wuel een eelere F1-Pilot spillt, deen Drock vun engem jonke Nowuesspilot kritt. De Brad Pitt a säi Co-Star Damson Idris ware bei den Dréiaarbechten deelweis och selwer an ëmgebaute F2-Autoen ënnerwee. De Film gëtt vum Jerry Bruckheimer produzéiert a vum Joseph Kosinski inzenéiert.
 
Wéi elo offiziell bekannt gouf, wäert de Film "F1" heeschen a soll Enn Juni 2025 an d’Kinoe kommen.

Pénktlech fir de Silverstone-Weekend gëtt och den éischten Teaser verëffentlecht. E Sonndeg um Punkt 15.33 Auer, also kuerz nodeems d’Sortie vun der Boxegaass op rout geschalt huet, wäerten am "World Feed" déi éischt 90 Sekonne vun dësem Film gewise ginn. Dësen Teaser wäert natierlech och am Virprogramm vun der F1-Emissioun op RTL ZWEE an RTL PLAY ze gesi sinn, an duerno och op dëser Säit disponibel sinn.
 
Fir d’Fans, déi zum Deel schonn ongedëlleg op dëse Film waarden, wäert et déi éischt Geleeënheet sinn, Extraiten aus dem neie F1-Film ze gesinn. De Lewis Hamilton, deen als Beroder matschafft, koum schonn an de Genoss an de 7-fache Weltmeeschter war beandrockt vum Realismus vun de Filmopnamen.

RTL