De Britt konnt de Schwong vu Spielberg mat op Silverstone huelen a start viru sengem Coequipier Lewis Hamilton. De Max Verstappen geet als 4. an d'Course.

Bei tëschenzäitlechem Reen zu Silverstone gouf de Circuit mat der Zäit ëmmer besser, an domat och d'Zäite vun de Piloten. Um Enn ass den George Russell déi séierst Zäit gefuer. Hannert him sti mam Lewis Hamilton an dem Lando Norris nach zwee weider Britten, domat ginn dräi Britten noeneen an de Grousse Präis vu Groussbritannien.

Mercedes steet emol nees op der Pole Position. Den George Russell huet de Schwong aus Éisträich matgeholl a start bei sengem Heem-Grand-Prix vun der éischter Plaz. De Lewis Hamilton komplettéiert dat staarkt Resultat vu Mercedes mat Positioun 2. De Lando Norris koum no engem Fuerfeeler just op déi drëtt Positioun, eng Plaz besser wéi den amtéierende Weltmeeschter Max Verstappen. Och den Nico Hülkenberg ass e staarke Qualifying gefuer a start hannert dem Oscar Piastri vun der 6. Plaz. D'Top10 gi vum Carlos Sainz, dem Lance Stroll, dem Alexander Albon an dem Fernando Alonso komplettéiert. Aston Martin koum no laanger Zäit emol nees mat zwee Autoen an den drëtten Tour vun der Qualifikatioun.

De Max Verstappen hat am Q2 méi Krämpes wéi an de leschte Qualifikatiounen, koum awer nach en Tour weider. Par conter war et fir de Charles Leclerc no 30 Minutten eriwwer. D'Zäit vum Monegass goung just duer fir d'Plaz 11. Nieft dem Ferrari-Pilot start de Logan Sargeant, hannendru stinn de Yuki Tsunoda, de Guangyu Zhou an den Daniel Ricciardo.

De Q1 huet musse fir eng knapp Véierelstonn ënnerbrach ginn, well de Sergio Perez sech gedréint hat an den Auto aus dem Kräsi huet musse gehuewe ginn. D'Zäit vum Mexikaner, déi hie virdru gefuer war, goung um Enn och net duer, fir an déi nächst Ronn vum Qualifying ze kommen. Hie start e Sonndeg vun der 19. Positioun. Nieft dem Perez war och nach fir de Valtteri Bottas, de Kevin Magnussen an d'Alpine-Fuerer Esteban Ocon a Pierre Gasly nom Q1 Schluss.

Den Depart vun der Course ass e Sonndeg um 16 Auer zentraleuropäescher Zäit, d'Emissioun op RTL start um 15.15 Auer. Dir kënnt d'Course wéi gewinnt op RTL ZWEE, RTL.lu an RTL Play suivéieren. 

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 QATAR AIRWAYS BRITISH GRAND PRIX 2024


D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2024

RTL