Lewis Hamilton wënnt zu Silverstone

© AFP
Domadder huet et effektiv e Britt gepackt, fir sech beim Heemspill d'Victoire ze sécheren.
De Lewis Hamilton huet e Sonndeg fir déi néngt Kéier de Grousse Präis vu Groussbritannien zu Silverstone gewonnen. De Rekordweltmeeschter huet sech mat sengem Mercedes virum aktuelle Weltmeeschter Max Verstappen op Red Bull an dem Lando Norris op McLaren behaapt.
Fir den Hamilton ass et déi éischt Victoire zanter 2021. De Verstappen steet weider souverän un der Spëtzt vum WM-Klassement.
Um Depart hunn déi zwee Mercedes-Piloten George Russell a Lewis Hamilton hir Plazen 1 an 2 aus der Startopstellung verdeedegt. Hire Konkurrenten ass et net gelongen, fir un hinnen drun ze bleiwen, sou datt si sech eng kleng Avance konnten erausfueren.
No gutt 16 vun 52 Ronnen huet et ugefaange mat Reenen an de Circuit zu Silverstone ass rutscheg ginn. Déi zwee Mercedes-Piloten hate Schwieregkeeten, fir den néidege Gripp ze fannen. Keng Problemer dogéint haten déi zwee McLaren-Pilote Lando Norris an Oscar Piastri. Si hu Pilot ëm Pilot iwwerholl a louchen no 20 Ronnen un der Spëtzt vun der Course. Op de Plazen 3 a 4 sinn Hamilton a Russell komm. An op der 5 louch de Max Verstappen.
An der 27. Ronn ass et un der Spëtzt lassgaange mat de Boxestops an dem Wiessel op Intermediates, an dat sollt eng weider Kéier fir Verännerungen am Klassement suergen. Den Norris ass un der Spëtzt bliwwen. Säi Coequipier Piastri ass eng Ronn méi laang dobausse bliwwen an dat huet dozou gefouert, datt hien op eemol just nach de 6. war. Neien 2. war elo den Hamilton, dat virum Verstappen.
An der 34. Ronn war et dunn den Out vum Russell. Hien huet säin Auto missen an der Box ofstellen.
An der 39. Ronn ass den Hamilton eng zweet Kéier an d'Box komm, fir nees zeréck op Slicks ze wiesselen. Den Norris ass een Tour méi laang dobausse bliwwen, wat dozou gefouert huet, datt hien hannert dem Rekord-Weltmeeschter nees erauskomm ass. Op de Plazen 3 a 4 louchen deen Ament Verstappen a Piastri.
An de Grousse Präis vu Groussbritannien ass bis zum Schluss richteg spannend bliwwen. De Verstappen huet mat sengen haarde Pneuen Drock op den Duo un der Spëtzt gemaach. Hien huet de Réckstand ëmmer weider verklengert a konnt an der 48. Ronn den Norris iwwerhuelen. Den Hollänner wollt sech duerno och nach den Hamilton, dee wéi den Norris op Softs ënnerwee war, plécken, ma dat ass him awer net méi gelongen. Sou datt de Lewis Hamilton virum Max Verstappen an dem Lando Norris gewënnt.
FORMULA 1 QATAR AIRWAYS BRITISH GRAND PRIX 2024
D'WM-Wäertung
De Kalenner vun der Saison 2024
