De Britt geet e Sonndeg viru sengem Teamkolleeg Oscar Piastri an dem Max Verstappen un den Depart.

McLaren confirméiert mat dëser éischter Startrei déi exzellent Form aus de leschte Wochen. Nodeems déi éischt Startplaz zu Budapest zanter 2020 ëmmer u Mercedes gaange war, ka McLaren sech d'Pole zu Budapest fir déi éischt Kéier zanter 2012 sécheren.

Gutt 2 Minutte viru Schluss vum Q3 ass de Yuki Tusnoda vun der Pist ofkomm, soudass de Qualifying ronn 10 Minutten ënnerbrach ginn ass. De Max Verstappen an de Fernando Alonso sinn duerno net méi un den Depart gaangen.

Um Enn ginn den Norris an de Piastri domat virum Weltmeeschter Verstappen un den Depart. Nieft dem Hollänner start de Sainz am Ferrari, den Hamilton (Mercedes) an de Leclerc (Ferrari) hu sech d'Plazen 5 a 6 geséchert a sinn domat eng Rei virum Aston-Martin-Duo Alonso a Stroll. Déi zwee Racing-Bulls-Piloten Ricciardo an Tsunoda starten aus der 5. Startrei.

Am Q1 gouf et no engem weideren Dréier vum Sergio Perez schonn en éischte roude Fändel, soudass de Qualifying fir eng 10 Minutten ënnerbrach war a fir de Mexikaner eriwwer war. Och den George Russell, dee virun zwou Wochen zu Silverstone nach vu Plaz 1 gestart war, huet den Auto missen an der Garage ofstellen. Et ass déi éischt Kéier zanter Budapest 2023, dass de Mercedes-Pilot et net an de Q3 packt. Donieft war et den Out fir den Alpine-Duo Ocon a Gasly an och fir den Zhou vu Sauber.

Am Q2 war Feierowend fir déi zwee Haas-Piloten Hülkenberg a Magnussen. Och fir de Bottas op Sauber war de Qualifying gelaf, genausou wéi fir d'Williams-Coequipieren Sargeant an Albon. Den Hamilton konnt sech iwwerdeems ganz knapp eng Plaz am Q3 sécheren.

Den Depart vun der Course ass e Sonndeg um 15 Auer, de Programm op RTL start um 14.15 Auer. Wéi gewinnt kënnt Dir d'Emissioun op RTL ZWEE, RTL.lu an um RTL Play suivéieren.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 HUNGARIAN GRAND PRIX 2024


D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2024

RTL