Bei der 39. Course um Hungaroring huet den Oscar Piastri seng éischt Victoire an der Formel 1 gefeiert. Dat virum Lando Norris an dem Lewis Hamilton.

Bei der 13. Course an dëser Saison gouf et an Ungarn eng Victoire vum Oscar Piastri virum Lando Norris, soudass d'Ecurie McLaren eng duebel Victoire feiere konnt. Déi drëtt Plaz war fir de Lewis Hamilton, woumat Mercedes och nees eng staark Performance bewisen huet. Fir den Hamilton war et den 200. Podium a senger Karriär. Déi véiert Plaz war fir de Charles Leclerc, dee virum Max Verstappen a sengem Teamkolleeg Carlos Sainz ukoum. D'Plaze 7 bis 10 ware fir de Sergio Perez, den George Russell, de Yuki Tsunoda an de Lance Stroll.

De Lando Norris hat e schlechte Start erwëscht an huet seng éischt Positioun u säin Teamkolleeg Piastri mussen ofginn. No den éischte Kéieren huet sech den Norris op der 3. Positioun erëmfonnt, och well de Verstappen de McLaren-Pilot vun der Pist gedréckt hat. Dräi Ronne méi spéit huet de Verstappen den Norris nees musse passéiere loossen, fir keng Strof ze kasséieren.

No 8 Ronne si sech déi meescht Piloten hannen am Feld schonn nei Pneue siche gaangen, well déi mëll Mëschung net méi gutt genuch war. Vir hu sech de Piastri an den Norris ëmmer méi vum Verstappen ofsetze kënnen. Den Hollänner war net mam Setup vum Auto zefridden an huet gemellt, dass um Auto quasi alles "schlecht" wär.

An der 22. Ronn koum och de Verstappen d'Pneue wiesselen, dräi Ronnen nom Piastri an Norris, ass duerno awer hannert dem Lewis Hamilton op Plaz 4 erauskomm. An de Ronnen duerno huet sech den amtéierende Weltmeeschter um Rekordweltmeeschter d'Zänn ausgebass. Nodeem sech all d'Piloten eng zweet Kéier nei Schlappe siche waren (50. Ronn), huet sech de Verstappen souguer op der 5. Plaz erëmfonnt, hannert Hamilton a Leclerc, wärend déi zwee McLaren d'Course dominéiert hunn. Dës haten awer mëttlerweil d'Plaze getosch, soudass den Norris nees virum Piastri louch.

Siwen Tier huet et gedauert, bis de Verstappen laanscht de Leclerc gezunn ass. Dräi Ronne méi spéit huet den Hollänner en Iwwerhuelmanöver op den Hamilton lancéiert, huet sech dobäi awer mat der Vitess verdinn, koum vun der Pist of an nees hannert dem Leclerc op de Circuit. Bei McLaren goufen et Funkspréch, dass den Norris säin Teamkolleeg nees laanscht loosse sollt. Dat huet de Britt dräi Ronne viru Schluss gemaach, soudass de Piastri als Gewënner iwwer de wäisse Stréch gefuer ass.

Am Generalklassement krut de Max Verstappen zwar 10 Punkte bäi a läit weider mat grousser Avance un der Spëtzt, mee vun hanne kënnt de Lando Norris méi no erun. De Charles Leclerc bleift 3. am General, viru sengem Teamkolleeg Carlos Sainz. Den Oscar Piastri ass 5., virum Lewis Hamilton.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 HUNGARIAN GRAND PRIX 2024


D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2024

RTL