Wou war no Ungarn méi déck Loft, bei McLaren oder bei Red Bull?

© AFP
Den Norris huet laang gezéckt, éier hien dem Piastri d'Féierung zeréckginn huet, an de Max Verstappen huet bei Red Bull mussen op d'Plaz gesat ginn.
Wou war e Sonndeg no der Formel 1 Course am Ungarn am meeschten déck Loft? Bei McLaren, obwuel den Oscar Piastri seng éischt Victoire gefeiert huet, oder bei Red Bull, wou de Weltmeeschter Max Verstappen um Funk permanent geflucht huet wéi e Spatz? De Franky Hippert ass där Fro nogaangen.
No engem Boxestopp war de McLaren Pilot Lando Norris bemol viru sengem Equipier Oscar Piastri. De Britt wollt dem Australier déi éischt Plaz awer net wierklech erëmginn, dozou den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl:
"De Lando Norris als éischten ze boxen, ass u sech de Feeler, dee McLaren gemaach huet. Si hu sech an déi Situatioun bruecht."
De Norris ass als Zweeten am Weltmeeschterschaftklassement nach an der Course, fir dem Leader Max Verstappen d'WM-Kroun ewechzehuelen. Do kënnt et jo awer och op all Punkt un, an awer seet de fréiere Formel-1-Ingenieur:
"Hien hätt kënnen direkt den Oscar laanschtloossen, an dann den Oscar ugräifen iwwert déi 20 lescht Ronnen. Dat huet hien och net gemaach. Esou dass se wollte relativ kloer stellen: Jong, du kanns dat do net eleng gewannen. Du brauchs dat ganzt Team. Du brauchs net nëmmen däin Teamkolleeg, mee du brauchs och de Support vun all gudde Leit, déi hannert him an hannert dem ganzen Numm McLaren stinn. E Championnat gewënns de net als Pilot eleng... ouni Mecanicien, déi der en Auto zesummebauen, ouni Ingenieuren, déi der den Auto entwéckelen."
Wärend der Course war awer dës Kéier richteg déck Loft bei Red Bull tëscht dem Max Verstappen a sengem Renningenieur Gianpiero Lambiase.
"Dat do ass déi éischte Kéier, dass Red Bull mat der Fauscht op den Dësch geschloen huet, a gesot huet 'Mir sinn hei, déi, déi d'Soen hunn, an du bass en Employé, du hues eis ze follegen'. Dat ass e richteg grousse Wiessel an der Relatioun tëscht hinnen. Ob dat elo längerfristeg Konsequenzen huet, weess ech net. Ech gi sécher dovunner aus, dass den Debrief bei Red Bull, dee méi gespaanten, also gespaant am Sënn vun der Tensioun tëscht de Leit war, wéi dee vu McLaren. Hie muss heiansdo och e bëssen op seng Plaz gewise ginn, mä dat gouf et bis elo nach ni, virun allem net bei Red Bull, déi hunn absolut alles duerchgoe gelooss".
Den Dominique Riefstahl geet dovun aus, datt elo an dësen Deeg e puer Gespréicher bei Red Bull gefouert ginn, fir datt d'Gemidder sech bis de Weekend nees berouegt hunn, wann zu Spa dee leschte Grand Prix virun der Summerpaus um Programm steet.
De Grousse Präis vun der Belsch kënnt Dir nees Live op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee, an online op RTL.lu an RTL Play suivéieren.