Laang gouf driwwer spekuléiert, elo koum déi offiziell Confirmatioun. Virum Grousse Präis vun der Belsch huet Haas säin zweete Fuerer fir 2025 annoncéiert.

De 27 Joer alen Esteban Ocon, dee säi Kontrakt bei Alpine net verlängert, huet bei Haas fir e puer Joer ënnerschriwwen. De Gewënner vum Grousse Präis vun Ungarn aus dem Joer 2021 wäert d’nächst Joer un der Säit vum jonken Oliver Bearman fueren.

De Fransous ass deen éischte Grand-Prix-Gewënner, dee fir déi US-amerikanesch Ecurie un de Start geet. "Ech si begeeschtert, een neit Kapitel vu menger F1-Karriär bei enger ambitionéierter Ecurie ze starten", deelt den Esteban Ocon via Social Media mat.

Den Teamchef vun Haas, den Ayao Komatsu freet sech, fir erëm mam Esteban Ocon kënnen zesummenzeschaffen: "Ech si mir sengem Talent scho méi laang bewosst. Eis gemeinsam perséinlech Geschicht huet ugefaangen, wéi hien déi éischte Kéier an engem F1-Auto gefuer ass. Ech war deemools bei Lotus säi Renningenieur. Net nëmme säin natierlecht Talent, mee och seng Erfarung als Wierkspilot, wäerten eis hëllefen, weider ze wuessen. Et war mir wichteg, d'nächst Joer nieft dem Oliver Bearman en erfuerene Pilot ze hunn."

Den Esteban Ocon koum beim Grousse Präis vun der Belsch 2016 zu senger éischter F1-Course, deemools fir Manor Racing. 2017 an 2018 war hie Stammpilot bei Force India respektiv Racing Point. No engem Joer Paus ass hien 2020 bei Renault (haut Alpine) gewiesselt. De Fransous stoung dacks an der Kritik, well hie sech gären emol haart Dueller mat sengen Teamkolleege geliwwert huet. De leschten Eclat war den Accident mam Pierre Gasly zu Monaco. Kuerz drop hat Alpine dunn annoncéiert, dass de Kontrakt mam Ocon net verlängert gëtt.

146 Mol war den Esteban Ocon bei engem F1-Grand-Prix um Depart, dräi Mol stoung hien um Podium, dovun eng Kéier ganz uewen.