Formel 1
Out fir de Bruno Famin als Teamchef bei Alpine

Op an nieft der Streck ass an der Formel 1 am Moment vill lass. De Bruno Famin bleift net Teamchef vun Alpine.
Den 62 Joer ale Fransous muss seng Plaz Enn August verloossen. De Famin bleift awer Responsabel vun all deenen anere Motorsportaktivitéite vum Group Renault.
Wien neien Teamchef vun Alpine gëtt, ass nach net gewosst. Dann ass och nach net ganz kloer, wéi et mat de Motore bei der franséisch-brittescher Ecurie weidergeet. Et gesäit esou aus, wéi wa vu spéitstens 2026 un, kee Renault-Motor méi am Alpine dra wär. De Rumeuren no, wär Mercedes am Gespréich, fir deen dann ze liwweren.
Am meeschte gelies