Séierste am Qualifying war wuel de Max Verstappen, start wéinst enger Stroof e Sonndeg awer just vun der 11. Plaz.

An den Ardennen zu SPA-Francorchamps huet bei deels naasse Stroossekonditiounen de Max Verstappen d'Konkurrenz dominéiert.

Den Hollänner ass am Qualifying wuel déi séiersten Zäit gefuer, start e Sonndeg awer just vun der 11. Plaz, dat well Red Bull um Auto vum Weltmeeschter de Verbrennungsmotor gewiesselt ginn ass. Dovu profitéiere kann de Charles Leclerc, deen e Samschdeg an der Qualifikatioun déi zweetbeschten Zäit gefuer ass, an e Sonndeg opgrond vun der Strof fir de Max Verstappen deemno vun der 1. Plaz an d'Course geet.

Vun de Plazen Zwee an Dräi fueren e Sonndeg de Sergio Perez an de Lewis Hamilton fort. Hannendru klasséiere sech déi zwee McLaren-Pilote Lando Norris an Oscar Piastri. De Carlos Sainz fiert vun der 7. Plaz fort, virum Fernando Alonso an dem Esteban Ocon.

Am éischten Tour vun der Qualifikatioun war war Schluss fir den Nico Hülkenberg, Kevin Magnussen (alle béid op Haas), de Yuki Tsunoda op Racing Bulls, de Logan Sargeant op Williams an de Guanyu Zhou op Sauber.

Séiersten am Q2 war de Max Verstappen. Net gepackt an de leschten Drëttel hunn et den Alexander Albon (Williams), Pierre Gasly (Alpine), Daniel Ricciardo (Racing Bulls), Valtteri Bottas (Sauber) an de Lance Stroll op Aston Martin.

E Sonndeg iwwerdroe mir d'Course zu SPA-Francorchamps ab 14:00 op RTL ZWEE, op RTL.lu an um RTL Play.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 ROLEX BELGIAN GRAND PRIX 2024


D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2024

RTL