De Russell hat sech viru sengem Coequipier Lewis Hamilton duerchgesat, gouf awer wéinst engem ze liichten Auto disqualifizéiert.

Well säin Auto 1,5 Kilo ze liicht war, ass den George Russell nodréiglech vun der Course disqualifizéiert ze ginn. Méiglecherweis hat Mercedes net domadder gerechent, dass hien esou vill Ronnen un der Spëtzt fiert, wouduerch hie méi Sprit verbraucht huet wéi erwaart.

Den George Russell huet als eenzegen op eng 1-Stop-Strategie gesat a konnt seng Positioun an de leschte Ronnen exzellent verdeedegen. Duerch seng Disqualifikatioun ass d'Victoire awer elo fir säin Teamkolleeg Lewis Hamilton, dee kuerz no him iwwer d'Zillinn gefuer ass.

Et ass déi 6. Course um Stéck bei där de Pole-Setter sech d'Victoire net séchere konnt, wat et virdrun zanter ronn 15 Joer net méi gouf. Nom Russell senger Disqualifikatioun ass den Oscar Piastri den 2. ginn, de Charles Leclerc ass op déi 3. Plaz zréckgefall an de Weltmeeschter Max Verstappen huet et nach op déi 4. Plaz gepackt. De Sergio Perez ass iwwerdeems vu Plaz 2 op Plaz 7 gefall.

De Lewis Hamilton hat e gudden Depart erwëscht a konnt direkt laanscht de Sergio Perez op Plaz 2 fueren. De Charles Leclerc konnt seng éischt Startpositioun och net laang verdeedegen a gouf an der 3. Ronn vum Hamilton iwwerholl. De Lando Norris ass iwwerdeems net gutt fortkomm an ass vu Plaz 4 op Plaz 7 zréckgefall.

No 11 vu 44 Ronnen hunn d'Boxestops un der Spëtzt ugefaangen. Bannent e puer Ronne sinn Hamilton, Leclerc, Piastri, Norris, Russell, Verstappen a Perez sech alleguerten nei Pneue siche gaangen. Bis op de Perez hu si sech och all fir déi haart Mëschung decidéiert. Just de Carlos Sainz, deen um Depart schonn op dës Pneue gesat hat, ass dobausse bliwwen a louch deemno vun der 13. Ronn un a Féierung.

No 20 Ronnen ass de Spuenier dunn awer och an d'Box gaangen, woumat den Hamilton nees viru Leclerc a Piastri un der Spëtzt louch. De Britt an de Monegass sinn allerdéngs eng zweet Kéier an d'Box gaangen. Neie Leader no 27 Ronnen war domadder de Piastri, dat viru Russell an Norris.

Och déi zwee McLaren-Pilote si sech dunn awer nees nei Pneue siche gaangen, soudass Mercedes vun der 30. Ronn u seng zwee Pilote Russell an Hamilton un der Spëtzt hat. De Russell war zu deem Zäitpunkt eréischt eemol an der Box, ma hie wollt et och mat enger 1-Stop-Strategie probéieren. De Piastri war op Plaz 4 aus der Box komm, an der 36. Ronn ass den Australier awer nees laanscht de Leclerc gefuer.

Bis ganz zum Schluss ass et zu Spa-Francorchamps spannend bliwwen. An de leschte Ronnen ass den Hamilton mat de méi neie Pneuen ëmmer méi no erukomm, um Enn konnt de Russell seng Positioun awer verdeedegen a knapps virum Rekordweltmeeschter iwwer d'Zillinn fueren.

Dës Victoire ass dem Britt awer wéinst sengem 1,5 Kilo ze liichten Auto oferkannt ginn, woumat déi éischt Plaz deemno un den Hamilton geet.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 ROLEX BELGIAN GRAND PRIX 2024


D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2024

RTL