Carlos Sainz ënnerschreift bei Williams

Mam Carlos Sainz bei Williams si 16 vun 20 F1-Cockpits besat.
Laang gouf spekuléiert, wou de Carlos Sainz hi wiesselt. Elo ass et offiziell, dass de Spuenier fir Williams an de Cockpit klëmmt.
De Sainz ënnerschreift e Kontrakt fir 2 Joer mat enger Optioun op Verlängerung a gëtt domat Teamkolleeg vum Alexander Albon an der nächster Saison. Et war laang net kloer, wou den nach Ferrari-Pilot géif hi wiesselen. Red Bull, Sauber an eben Williams ware laang an der Course.
"Et ass kee Geheimnis, dass de Pilotemarché an dëser Saison aus diverse Grënn dynamesch a komplex war. Dofir hunn ech e bëssen Zäit gebraucht, fir eng Decisioun ze huelen. Ech si fest dovun iwwerzeegt, dass Williams déi richteg Plaz ass, fir meng Karriär an der Formel 1 weider ze maachen an ech sinn houfreg, mech enger historescher an erfollegräicher Ecurie unzeschléissen, fir déi meng Idoler vu menger Kandheet gefuer sinn an dësem Sport de Stempel opgedréckt hunn", esou de Carlos Sainz an enger éischter Reaktioun.
Gläichzäiteg heescht dat, dass de Logan Sargent fir nächst Joer säi Cockpit raume muss. Williams huet dem Amerikaner am Pressecommuniqué Merci gesot a wäert hie fir de Rescht vun der Saison weider ënnerstëtzen an der Hoffnung, dass hie mat senger Karriär an der Kinneksklass vum Automobilsport weider maachen kann.