Grousst Pilotekarussell an der Summerpaus fält wuel aus

© SID/WILLIAM WEST via AFP
Virun der Summerpaus stoungen dräi F1-Pilote massiv an der Kritik.
Et gouf spekuléiert, dass Pérez, Ricciardo a Sargeant zu Zandvoort eventuell net méi an hirem Auto sëtzen.
E Méindeg war an der Zentral vu Red Bull Racing zu Milton Keynes wuel ee gréissere Management-Meeting, bei deem et virun allem ëm d’Cockpit-Besetzung bei den zwee Red-Bull-Teams goe sollt. Wéi de Red-Bull-Motorsportberoder Helmut Marko eis zu Spa confirméiert huet, wéilt een do ënner anerem diskutéieren, wéi Red Bull Racing sech fir de Kampf ëm d'Constructeur-Weltmeeschterschaft opstelle soll a wéi eng Roll den Nowuespilot Liam Lawson an Zukunft spille soll. Dës Aussoe goufen esou interpretéiert, dass et op d'mannst dem Sergio Pérez e Strapp ze séier kéint goen.
Sergio Pérez gëtt Erwaardungen net gerecht
Zanter de Mexikaner säi Kontrakt bei Red Bull Racing verlängert huet, leeft net méi vill zesummen. 21 Punkten an 8 Courssen, dat entsprécht net den Erwaardunge vun der Weltmeeschter-Ecurie. Och d'Course zu Spa war erëm eng Enttäuschung. Wärend de Max Verstappen mam RB20 vu Startplaz 11 op P4 no vir gefuer ass, ass de Pérez vu Startplaz 2 op P7 zeréckgerutscht.
Daniel Ricciardo passt net méi an d'Junior-Konzept
Bei de Racing Bulls iwwerdeems waren déi Responsabel net ganz zefridde mat de Leeschtunge vum Daniel Ricciardo. Deen huet am Moment 12 WM-Punkten, säin Teamkolleeg huet 10 Punkte méi um Konto. Donieft huet den Helmut Marko schonn annoncéiert, dass d'B-Team vu Red Bull erëm méi kloer als Juniorteam positionéiert sollt ginn.
Als méiglechen Zenario stoung am Raum, dass de Sergio Pérez an der Summerpaus säin RB20 raume muss an den Daniel Ricciardo nieft dem Max Verstappen eng lescht Chance kritt. Säi Racing Bulls VCARB01 soll de Liam Lawson iwwerhuelen. Esou hätt Red Bull déi verschidde Pilote matenee vergläichen a fir 2025 wichteg Erfarunge sammele kënnen.
Bei Red Bull bleift wuel alles beim Alen
dem grousse Méindeg-Meeting huet Red Bull bis ewell net offiziell kommunizéiert. Verschidden Zeitungen an Internetportaler zitéieren awer onofhängeg vuneneen aus enger grousser Personalversammlung an der Red-Bull-Fabrick. Wéi et schéngt, hätt den RBR-Teamchef Christian Horner senge Mataarbechter erkläert, dass de Sergio Pérez och zu Zandvoort am RB20 sëtze wäert, an dass den Daniel Ricciardo bis op Weideres bei de Racing Bulls bleift. Dës Informatioune kënnen net iwwerpréift ginn, mee villes schéngt drop hinzedeiten, dass alles beim Ale bleift.
Williams: Sargeant däerf nom Congé zeréckkommen
Bei Williams steet den US-Amerikaner Logan Sargeant scho méi laang an der Kritik. Hie kann den Tempo vu sengem Teamkolleeg Alex Albon net matgoen a mécht ënnert Drock ze vill Feeler, déi d’Ecurie zum Deel deier ze stoe kommen. Säin Teamchef James Vowles wollt him keng kloer Jobgarantie méi ginn.
Och hei gouf et ee méiglechen Zenario: Williams kéint sengem Motor-Fournisseur Mercedes ee Gefale maachen an no der Summerpaus den italieenesche Mercedes-Nowuespilot Andrea "Kimi" Antonelli an den Auto setzen. Den Antonelli ass am Gespréich fir d’nächst Saison d’Cockpit vum Lewis Hamilton z’iwwerhuelen, mee Mercedes schéngt sech net sécher ze sinn, ob et dem jonken Italiener net awer un Erfarung feelt. Eng hallef Saison am Williams wier perfekt gewiescht, fir dat erauszefannen.
E Méindeg gouf annoncéiert, dass de Carlos Sainz d'nächst Joer bei Williams wiesselt an do Teamkolleeg vum Alex Albon gëtt. Domadder ass kloer, dass de Logan Sargeant 2025 definitiv net méi am Williams sëtze wäert. Am Pressecommuniqué schreift Williams, dass een de Sargeant dobäi ënnerstëtze wéilt, eng Alternativ ze fannen. Dës Formuléierung ass wuel esou z'interpretéieren, dass den US-Pilot bis Enn vun der Saison bei Williams fueren däerf.
Elo Kollektivcongé, dann Europa-Finall
An der Formel 1 steet elo de Kollektivcongé um Programm. D’Fabricke si gréisstendeels zou (nëmme Maintenance- oder IT-Aarbechten däerfen erleedegt ginn) an déi meescht Mataarbechter kréien esouguer den E-Mail-Accès gespaart. D'Formel 1 iwwerwaacht dëse Kollektivcongé streng, fir dass d’Mataarbechter no enger intensiver éischter Saison-Hallschent wierklech ofschalte kënnen.
Nom Congé stinn déi zwou lescht Europa-Courssen um Programm: Enn August zu Zandvoort an Ufank September zu Monza. Duerno geet et a Richtung Osten (Baku a Singapur), ier déi grouss Amerika-Tournée (Austin, Mexiko-City, Sao Paulo a Las Vegas) an d'Finall am Noen Osten (Katar an Abu Dhabi) um Programm steet.