Oliver Oakes gëtt neien Alpine-Teamchef

© BWT Alpine F1 Team
Nodeems de Bruno Famin zu Spa-Francorchamps als Alpine-F1-Teamchef zeréckgetrueden ass, iwwerhëlt den Oliver Oakes seng Nofolleg.
D’F1-Fans musse sech un en neien Numm an en neit Gesiicht un der Boxemauer gewinnen. Alpine huet den Oliver Oakes als neien Teamchef annoncéiert. De 36 Joer ale Britt gëtt domadder den zweetjéngsten Teamchef am aktuellen F1-Zirkus. Seng éischt F1-Course wäert de Grousse Präis vun Holland Enn August sinn.
Den Oliver „Oli“ Oakes ass selwer Course gefuer. Esou war hien 2005 Kart-Weltmeeschter a gouf duerno vum Red-Bull-Young-Driver-Programm rekrutéiert. Als Nowuesspilot huet hien et bis an d’Formel3/GP3-Kategorie gepackt, ouni awer gréisser Titelen ze gewannen. 2010 huet den Oakes sech aus dem aktive Motorsport zeréckgezunn, an huet eng eege Karting-Ekipp op d’Bee gestallt. 2015 grënnt hien HiTech Grand Prix, eng Ecurie, déi an den F3- a F2-Championater untrëtt.