Jack Doohan gëtt Teamkolleeg vum Pierre Gasly bei Alpine

© Renault Group
Den Australier fiert d'nächst Saison fir Alpine. Dat huet déi franséisch Ecurie am Kader vum Grousse Präis vun Holland annoncéiert.
Den Jack Doohan fiert d'nächst Joer un der Säit vum Pierre Gasly. Den Australier gëtt domat éischten Nowuesspilot vun der Ecurie Alpine, deen den Sprong an d'Formel 1 packt. Wéi laang de Kontrakt leeft, ass net gewosst. Aus dem Pressecommuniqué vun Alpine ass awer erauszeliesen, dass de Kontrakt wuel just fir eng Saison ass.
Den 21 Joer ale Pilot, de Fils vun der Motorradlegend a fënneffache 500cc-Weltmeeschter Mick Doohan, koum 2021 an der Formel 3 op déi zweet Plaz. D'Joer drop an der Formel 2 huet hie sech als Drëtte klasséiert, ier hien e Kontrakt mat Alpine als Reserve-Pilot ënnerschriwwen huet.
Den Jack Doohan ass niewebäi och deen éischte Formel-2-Pilot, deem e "Grand Slam" gelongen ass. An Ungarn 2023 stoung hien op der Pole, huet gewonnen, war déi ganz Course op der éischter Plaz an huet déi séierste Ronn gedréint.
Domat ass fir d'nächst Saison e weidere Cockpit besat. Dräi sinn der elo nach fräi. Sauber, Racing Bulls a Mercedes mussen nach e Pilot fir nächst Saison annoncéieren.

© RTL-Grafik