Mam Grousse Präis vun Holland geet et elo an den zweeten Deel vun der Saison eran.

Et dierf ee gespaant sinn, ob sech d'Tendenz vun de leschte Coursse confirméiert, datt McLaren an Mercedes, Red Bull mam Max Verstappen, d'Liewen ëmmer méi schwéier maachen.

Formel 1: Virschau op GP an Holland

No dräi an enger hallwer Woch Paus ginn d'Formel 1-Autoen elo emol nees aus der Garage erausgeholl, den RTL-Formel 1 Expert Dominique Riefstahl:

"Et geet dann drëms, erëm e bësse d’Spannenetzer auszerëselen a sech drun ze erënneren, wéi dat funktionéiert mat deenen Autoen. Fir d'Piloten en interessante Circuit. Et ass erëm e max Downforce-Circuit. Dat heescht, dat ass an deem Sënn och schonn erëm e relativ grousse Schrëtt ewech vun deem, wat war, dee leschte Circuit, wou se waren. Dat heescht, si musse sech mol drun gewinnen, en Auto ze fuere mat max Downforce, wat se jo da säit Budapest net haten."
 
De Max Verstappen huet fir d'Lescht zu Barcelona a Spuenien gewonnen. Bei deene véier Grand Prixen duerno stounge mat Oscar Piastri, respektiv George Russell a Lewis Hamilton, entweeder e McLaren Pilot oder ee vu Mercedes ganz uewen um Podium. Zantvoort an Holland ass e Circuit, dee verschidden Autoe besser wäert leie wéi anerer, seet den Dominique Riefstahl.

"Wann een elo d'Kräfteverhältnis virun der Vakanz gekuckt huet, misst dat do sech ferm an McLaren-Hand leien, méi éischter nach wéi fir Mercedes oder Red Bull. De McLaren schéngt méi nach absolutten Downforce ze hunn. Et ass natierlech elo net, dass ee sech erwaarde kann, lo war eng Paus, elo kann iergendwee mat engem nei Stéck kommen. Wärend der Paus huet jo guer näischt däerfe geschafft ginn. Dat heescht, et war wierklech just déi Saachen, déi a petto waren a schonn zu Spa hätte sollen erauskommen, déi eventuell elo dann nach beienee ze kréien oder iergendwéi erauskommen."
 
De Circuit mat senge 4 ,26 Kilometer gëtt och nach Achterbunn vu Zandvoort genannt. Et ass eng Streck, déi verwénkelt ass, et ass awer och eng Plaz, op där de Wand an de Sand vun der Plage eng Roll spillt. An an der Formel 1 ass Sand net gläich Sand, esou den RTL Formel 1-Expert.

"Vu que dass d'Zandvoort an den Düne läit, bléist vill Wand natierlech méi Sand op d'Streck, an dat huet den Effekt, dass d’Streck gëtt wéi Schleifpabeier, well s de natierlech Sandkären tëscht dem Pneu an dem Makadamm hues, an du hues doduerch relativ vill Verschläiss. Elo ass et natierlech eng Saach, wat fir e Sand ass et. Et kléngt elo blöd, mee mir hunn an der Vergaangenheet gesinn, wann s de am Bahrain ganz vill Wand hues, an du kriss Sand aus der Wüüst, da hänkt e vun der Richtung of, an du kriss Sand aus der Wüüst op de Circuit geblosen, dann hues de enorm Degradatioun, da falen d'Pneuen komplett auseneen, mee du hues och enormen héije Gripp. Zu Abu Dhabi ass dat zum Beispill net, well wann do de Wand aus Richtung vun der Wüüst bléist, an du kriss Sand drop, dann dee Sand ass iergendwéi anescht, an de Buedem ass och anescht. Do rutscht den Auto vill méi an du verléiers Gripp an du gëss méi lues."
 
Bei deenen zwee éischte fräien Trainingen haut hu McLaren mam Lando Norris a Mercedes mam George Russell déi bescht Zäit realiséiert. De Max Verstappen, deen zanter dem Retour vum grousse Präis vun Holland am FormelEentkalenner am Joer 2021 all Kéier zu Zantvoort gewonnen huet, weess op jiddwer Fall, datt et e Sonndeg bei sengem Heemspill net einfach gëtt, datt déi Serie weidergeet.

Dat Ganzt ass natierlech nees Live op Tëlee Lëtzebuerg op RTL Zwee an online op RTL.lu an RTL Play ze gesinn.

 Um Samschdeg an der Mëttesstonn ass dann den drëtten fräien Training, d'Qualifikatioun ass um 15 Auer, an de Virprogramm fir de Grand Prix fänkt e Sonndeg um 14.15 Auer un, déi 5 rout Luuchten fir den Depart ginn dann um 15 Auer aus.